[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Munnefell

Vu Wikipedia
Animatioun vun der Roll vum Zwerchfell bei der Ootmung.
D'Lag vum Munnefell am mënschleche Kierper (orange, ënnert de Longen).
D'Zwerchfell bei engem Hond.
Schema vum Diaphragma beim Mënsch.

D'Munnefell oder Zwerchfell, mat laténgeschem Fachbegrëff Diaphragma, ass eng Trennwand tëscht der Broschthiel an der Bauchhiel am Kierper vun de Mamendéieren. Et spillt eng wichteg Roll bei der Ootmung.

D'Zwerchfell besteet aus Muskelen a Seenen an ass beim Mënsch no uewe verwëlleft. Et ass un de Wierbelen, de Rëpper an dem Broschtbeen befestegt.[1]

D'Munnefell ass an dräi Deeler ënnerdeelt, jee nom Ursprong vun de jeeweilege Muskelfaseren: pars lumbalis (de Leeschtendeel), pars costalis (Rëpperdeel), pars sternalis (Broschtbeendeel). Si kommen allen dräi an enger gemeinsamer Plack aus Seenen (centrum tendineum) op en Enn, déi aus Seenefasere besteet, déi matenee verbonne sinn.

Déi Plack läit an der Mëtt an huet e Lach fir déi ënnescht Huelveen. Och de muskuléisen Deel huet no bei der Wierbelsail e puer Lächer a Form vun enger Spléck: ee fir d'Aorta an ee fir den Oesophage duerchzeloossen.

D'Munnefell ass dee wichtegste Muskel vun der Ootmung. Beim Anootmen zitt sech d'Zwerchfell zesummen: et geet erof an d'Longe kréie méi Plaz fir sech auszedeenen. Esou entsteet Ënnerdrock, a Loft gëtt an d'Longe gesaugt. Beim Ausootmen deent sech d'Zwerchfell erëm aus, d'Longe kréie manner Plan an d'Loft gëtt aus de Longe gedréckt.

Duerch d'Kontraktioun vum Zwerchfell ginn déi ënnescht Rëpper och minimal ugehuewen an domat de Broschtkuerf e bëssen erweidert.

Bei der Bauchootmung gëtt de Bauch no vir sichtlech "méi déck". Si ass méi roueg an déif wéi d'Broschtootmung well d'Longe méi Plaz hu fir sech auszedeenen an d'Loft vill méi déif an d'Basis vun de Longe geet. Si entspaant d'Muskulatur an d'Häerzfrequenz. Bei der Broschtootmung, enger méi flaacher Ootmung, spaane sech d'Muskelen tëscht de Rëpper un, an de Broschtkuerf hieft sech. Dobäi fléisst déi ageootemt Loft haaptsächlech an den ieweschten Deel vun de Longen. Dat ass net ideal a ka Péng am Munnefell verursaachen.[2]

Komplikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Wann d'Spléck am Zwerchfell, duerch déi d'Speiseröre an de Mo geet, ze grouss gëtt, kënnen Deeler vum Mo an de Broschtraum gedréckt ginn. An deem Fall schwätzt ee vun engem Zwerchfellbroch. Dee ka mat enger Rëntgenopnam diagnostizéiert ginn. Dat geleefegst Symptom vun deem Broch ass de Soud. Ursaach ass eng Schwächt vum Geweebe. En Traitement ass dacks net néideg, wann de Patient op Narung, déi räich u Kuelenhydrater ass, Kaffi, Alkohol oder Nikotin verzicht, a Stresssituatiounen evitéiert.[3]

Wann d'Munnefell zum Beispill duerch ze kaalt Gedrénks oder eng Erkrankung vum zentralen Nervesystem gereizt gëtt, da kann et den Hick provozéieren. Dobäi zitt sech d'Munnefell ruckaarteg zesummen, war erëm e Reflex bei de Stëmmbänner an dem Keelkapp ervirrifft an déi gespaant ginn.[3]

Commons: Munnefeller – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. DocCheck Fleixkon: Zwerchfell
  2. generali.de: Das Zwerchfell: Der unterschätzte Muskel (23. Dezember 2021)
  3. 3,0 3,1 Universität Hamburg: Institut für Deutsche Gebärdensprache: Fachgebärden Lexikon Gesundheit und Pflege