Yggdrasil
Yggdrasil ass an der germanescher Mythologie déi riseg, ëmmergréng Weltesch ënner där ee sech d'germanescht Weltbild virstelle muss.
Mythos
[änneren | Quelltext änneren]Nodeem d'Asen den Ur-Ris Ymir ëmbruecht haten, hu si aus sengem Kierper alles wat existéiert geschaf. D'Weltesch Yggdrasil war deen éischte Bam dee si geplanzt hunn, an ass dee gréissten, schéinsten an hellegste Bam vun der Äerdgeschicht. Seng Äscht iwwerdaachen déi néng Welten a wuessen iwwer den Himmel. Op der Spëtzt ass de Jötun-Ris Hräwelgr an der Verkierperung vun engem Aadler, deen, andeems e mat de Flilleke schléit, de Wand mécht an d'Welt observéiert. Tëscht sengen Aen ass en Héngerdéif, Vedrfölnir genannt.
Den Yggdrasil hat dräi grouss Wuerzelen, vun deenen eng a Richtung Jötunheim, dem Land vun de Risen, wiistt, wou och dem Mimir säi Buer ass. Déi aner Wuerzel féiert an dat niwwelegt Niflheim no bei der Quell Hvergelmir, wou den Draach Nidhogg (Nidhöggr) un hir knat. Déi drëtt Wuerzel ass an der Géigend vun Asgard. D'Kaweechelchen Ratatöskr klëmmt ëmmer un der Wuerzel erop an erof. Véier Hirschen (mat den Nimm Dain, Dwalin, Dunneir an Durathor) friessen d'Knospe vun der Weltenesche. Déi zwou Schlaange Goin a Moin, déi vum Grafwitnir (de Wollef vum Graf) ofstamen, knaen och un de Wuerzelen.
Ënner den Äscht vum Yggdrasils halen d'Gëtter Geriicht. Un hirem Fouss ass d'Quell vun der Urd, an där déi dräi Nornen (d'Schicksalsgëttinnen Urd, Werdandi a Skuld) hire Sëtz haten.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Yggdrasil – Biller, Videoen oder Audiodateien |