Par
Eng Par (och nach Por genannt, wat awer nach eng aner Bedeitung huet) ass a verschiddene Kierchen de pastorale Wierkungsberäich vun engem Geeschtlechen.
D'Wuert kënnt aus dem Mëttelhéichdäitschen pfarre an dem Alhéichdäitschen pfarra, ass etymologesch awer net gekläert.
A verschiddene Länner ass eng Par eng administrativ Andeelung, déi meeschtens direkt vun der kierchlecher Andeelung ofgeleet ass. An deem Fall schwätzt ee vun enger Ziviller Par.
An enger Par gëtt et ëmmer eng Parkierch. Ausser der Parkierch gëtt et an engen oder aneren Deel vun der Par och nach eng oder méi Filialkierchen oder Kapellen.
Territorial Paren zu Lëtzebuerg bis Mee 2017
Nieft den 274 territoriale Pare gouf et och déi Europäesch Par mat Sëtz an der Kapuzinergaass, déi net geographesch ofgegrenzt war [1]. All Par aus der Äerzdiözes Lëtzebuerg huet zu engem Dekanat, zu enger Pastoralregioun an zu engem Parverband gehéiert.
Meeschtens louch eng Par um Territoire vun enger Gemeng. Et gouf awer e puer Ausnamen:
- Par Äischen: den Haaptuert gehéiert zur Gemeng Habscht, wärend d'Filial Rentert um Territoire vun der belscher Stad Arel läit;
- Par Bärel: den Haaptuert gehéiert zur Gemeng Wanseler, wärend d'Filial Noutem zur Stauséigemeng zielt;
- Par Beetebuerg: d'Dekanatskierch an d'Filial Obeler leien um Territoire vun der Gemeng Beetebuerg, wärend d'Filial Léiweng zur Gemeng Réiser gehéiert;
- Par Betzder: den Haaptuert gehéiert zur Gemeng Betzder, wärend d'Filial Haastert zur Biwer Gemeng zielt;
- Par Blaaschent: den Haaptuert gehéiert zur Gemeng Luerenzweiler, wärend d'Filial Eesebuer zur Gemeng Jonglënster zielt;
- Par Dikrech: d'Dekanatskierch an déi Al Kierch leien um Territoire vun der Stad Dikrech, wärend d'Filial Angelduerf zur Gemeng Ierpeldeng zielt;
- Par Eescheler: den Haaptuert gehéiert zur Gemeng Jonglënster, wärend d'Filial Bruch zur Gemeng Biwer gehéiert;
- Par Gréiwemaacher: d'Dekanatskierch an d'Kräizkapell leien um Territoire vun der Gemeng Gréiwemaacher, wärend d'Filial Mënjecker zur Gemeng Manternach zielt;
- Par Kauneref: d'Parkierch an d'Pirminuskapell leien um Territoire vun der Stauséigemeng, wärend d'Filial Bidscht zur Gemeng Géisdref zielt;
- Par Keespelt: den Haaptuert gehéiert zur Gemeng Kielen, wärend d'Filial Märjendaller Haff zur Gemeng Tënten zielt;
- Par Meesebuerg: den Haaptuert gehéiert zur Gemeng Fiels, wärend d'Filial Angelsbierg zur Gemeng Fëschbech zielt;
- Par Munzen: den Haaptuert läit um Territoire vun der Gemeng Klierf, wärend d'Filial Buckels an d'Filial Näidsen zur Gemeng Parc Housen zielen;
- Par Nidderdonwen: den Haaptuert an d'Filial Uewerdonwen leien um Territoire vun der Gemeng Fluessweiler, wärend d'Filial Ohn zur Wuermer Gemeng gehéiert;
- Par Nidderpallen: den Haaptuert gehéiert zur Gemeng Réiden op der Atert, wärend d'Filial Näerden zur Gemeng Biekerech zielt;
- Par Nidderwolz: d'Dekanatskierch läit um Territoire vun der Stad Wolz, wärend d'Filial Wanseler zur Gemeng Wanseler zielt;
- Par Nouspelt: den Haaptuert gehéiert zur Gemeng Kielen, wärend d'Filial Rued zur Gemeng Simmer zielt;
- Par Pënsch: den Haaptuert an d'Filialen Äischer, Lellgen a Wëlwerwolz leien um Territoire vun der Gemeng Kiischpelt, wärend d'Filialen Draufelt a Siwwenaler zur Gemeng Klierf zielen;
- Par Rued: den Haaptuert läit um Territoire vun der Gemeng Ell, wärend d'Filial Lannen zur Gemeng Réiden op der Atert gehéiert;
- Par Schlënnermanescht: den Haaptuert läit um Territoire vun der Gemeng Buerschent, wärend d'Filial Iewescht Schlënner zur Gemeng Parc Housen zielt;
- Par Simmer: den Haaptuert läit um Territoire vun der Gemeng Simmer, wärend d'Filial Iener an d'Filial Kaalmes zur Gemeng Sëll zielen;
- Par Ueschdref: den Haaptuert an d'Filial Bilschdref leien um Territoire vun der Gemeng Rammerech, wärend d'Filial Néngsen zur Gemeng Esch-Sauer gehéiert;
- Par Uewermäerzeg: Uewermäerzeg an Niddermäerzeg leien um Territoire vun der Gemeng Mäerzeg, wärend d'Filial Méchelbuch zur Gemeng Viichten gehéiert;
- Par Veianen: d'Dekanatskierch, d'Bildchenkapell, d'Nikloskapell an d'Rochuskapell leien um Territoire vun der Stad Veianen, wärend d'Filial Biwels zur Gemeng Pëtschent gehéiert;
- Par Welschent: den Haaptuert läit um Territoire vun der Gemeng Buerschent, wärend d'Filial Bierden zur Gemeng Ierpeldeng gehéiert.
Territorial Paren zu Lëtzebuerg vum Mee 2017 un
De 6. Mee 2017 goufen all déi 274 al Paren opgeléist a mat 33 méi grousse Paren ersat. D'Opdeelung a Pastoralregiounen a Parverbänn gouf komplett opginn. D'Andeelung an Dekanater ass liicht verännert viru bestoe bliwwen.[2]
Kuckt och
Um Spaweck
- D'Paren an der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg
- Kaart vun de Paren zu Lëtzebuerg op kierchefong.lu
Referenzen
- ↑ Europäesch Par op cathol.lu Archivéiert de(n) 2016-03-09. Gekuckt de(n) 2012-03-21.
- ↑ Les 33 nouvelles paroisses de l'Archidiocèse Charge pastorale et administration dans les paroisses