Kapell Lellgen
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Lellgen (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Lellgen | |||
Par | Wooltz Saints-Pierre-et-Paul | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péitrus | |||
Baujoer | 1806 | |||
Koordinaten | 49° 58’ 58.5’’ N 06° 00’ 45.9’’ O | |||
De Banneraum vun der Kapell | ||||
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell zu Lellgen ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert.
Se steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (Iewescht Duerf a Bei Hencksebréck), dem CR323, mat dem Burrewee.
Den 8. Januar 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur Par Pënsch gehéieren ausser der Kapell vu Lellgen och nach d'Parkierch vu Pënsch, d'Filialkierch vun Äischer, d'Filialkierch vun Draufelt, d'Filialkierch vu Wëlwerwolz an d'Kapell vu Siwwenaler.
Patréiner
[änneren | Quelltext änneren]D'Kapell ass dem hellege Péitrus geweit, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt. Donieft ginn hei d'helleg Luzia an den hellege Vinzenz veréiert, déi an zwou ale Statuen duergestallt ginn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Pënsch, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet.
Zur Par Pënsch huet ausser der Kapell vu Lellgen och nach d'Parkierch vu Pënsch, d'Filialkierch vun Äischer, d'Filialkierch vun Draufelt, d'Filialkierch vu Wëlwerwolz an d'Kapell vu Siwwenaler gehéiert.
Bauform
[änneren | Quelltext änneren]D'Kapell vu Lellgen fält op duerch hiert aachteckecht Schëff, un dat dee vill méi niddrege Chouer ugebaut ass. Iwwer dem Portal steet d'Joreszuel 1806.
Klack
[änneren | Quelltext änneren]Déi eenzeg Klack ass vun 1840 an ass dem hellege Johannes geweit.
Mobiliar
[änneren | Quelltext änneren]Am Wanter 2004/05 ass d'Kierch banne restauréiert ginn, an den Altor ass nei vergold a versëlwert ginn. E ganz ausdrocksstaarke Kräizwee vum Charel Schmit ass installéiert ginn, an ass nieft deem wonnerbar restauréierten Altor an dem herrlechen Triptychon vum Margot Reding-Schroeder d'Kréinung vun de Restauréierungsaarbechten.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Schmitt, Michel: Die Kirchen und Kapellen im Pfarrverband Kiischpelt, 2003, Verlag Schnell & Steiner, Regensbuerg, 32 S. ISBN 3-7954-6476-5
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kapell Lellgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul
- D'Fënstere vun der Kapell vu Lellgen op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Schëff
-
Aganksdier
-
Den Héichaltor vun der Kapell zu Lellgen
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).