Kierch Äischer
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Äischer (2006) | ||||
Uertschaft / Plaz | Äischer | |||
Par | Wooltz Saints-Pierre-et-Paul | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Laurentius | |||
Baujoer | 1765 | |||
Koordinaten | 49° 59’ 56.2’’ N 05° 59’ 23.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Äischer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Laurentius, deem säi Fest den 10. August gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Antonius mam Schwäin. Eng schéin al Statu steet hei vum Äerzengel Michael.
D'Kierch steet op enger Knupp an enger Säitestrooss vun der Strooss Iewescht Duerf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Pënsch, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet.
Zur fréierer Par Pënsch huet ausser der Filialkierch vun Äischer och nach d'Parkierch vu Pënsch, d'Kapell vu Lellgen an d'Filialkierch vu Wëlwerwolz aus der Gemeng Kiischpelt, an d'Filialkierch vun Draufelt an d'Kapell vu Siwwenaler aus der Gemeng Klierf gehéiert.
D'Kierch vun Äischer gëtt schonn an engem Visitatiounsbericht 1635 ernimmt. Déi haiteg Kapell gouf 1765 nei gebaut an 1909 mat engem Duxall an engem Klackentiermche vergréissert. Den Altor schéngt aus dem 18. Joerhonnert ze sinn.
Déi zwou Klacke goufen 1921 vum Klackegéisser Stoermer vun Erfurt gegoss, a sinn haut eng Raritéit, well vun dësem Géisser an Däitschland bal alles am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Schmitt, Michel: Die Kirchen und Kapellen im Pfarrverband Kiischpelt, 2003, Verlag Schnell & Steiner, Regensbuerg, 32 S. ISBN 3-7954-6476-5
- (MiNi), Restaurierte Kirche in Enscheringen wurde am Wochenande eingeweiht. Luxemburger Wort vum 12. Juni 2012, S. 24.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Äischer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul
- D'Fënstere vun der Kierch vun Äischer op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch vun Norde gesinn
-
D'Kierch vun Südoste gesinn
-
D'Aganksdier
-
D'Kierch vu bannen