Kierch Schlënnermanescht
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Schlënnermanescht (2015) | ||||
Uertschaft / Plaz | Schlënnermanescht | |||
Par | Dikrich Le Bon Pasteur | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Koordinaten | 49° 55’ 58.1’’ N 06° 03’ 45.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Schlënnermanescht ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.
D'Kierch ass der Gebuert vun der Muttergottes geweit. D'Fest gëtt den 8. September gefeiert.
Se steet an der Haaptstrooss, dem CR348.
Zur fréierer Par Schlënnermanescht gehéiert ausser der Parkierch vun Schlënnermanescht och nach d' Kapell vun Uewerschlënner.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Par Schlënnermanescht gouf am Joer 1804 mat eegener Verwaltung an engem eegene Paschtouer gegrënnt. Zur fréierer Par gehéieren och nach d'Giewelsmillen, de Fridbësch an d'Ënner- an Uewerschlënner. Fir d'200-Joerfeier vun der Par krut d'Kierch vu Schlënnermanescht am Joer 2004 zwou nei Klacken.
Fënsteren
[änneren | Quelltext änneren]D'Fënstere si vum Émile Probst an deem senger Fra Denise Probst-Massin.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]Klack | Toun | Opschrëft | Géisserei | Joer | Gewiicht |
---|---|---|---|---|---|
Maria | Si b' (h) | VOCO VOS AD MARIAM PATRONAM Schlindermanderscheid 1891 |
F. & A. Causard Colmar |
1891 | 400 kg |
Anna | Do" (C) | VIVOS VOCO MORTUOS PLANGO FULGURA FRANGO Schlindermanderscheid 1891 |
F. & A. Causard | 1891 | 280 kg |
Joseph und Joachim |
Re" (Des") | HELLEGE JOUSEF, HELLEGE JOACHIM ECH LAUDEN ZESUMMEN MAT DER HL. MARIA AN DER HL. ANNA FIR EIS FAMILJEN, EIS KANNER, EIS JUGENDLECH 200 JOR PAR SCHLËNNERMANESCHT 2004 |
H. Schmit & Söhne Brockscheid |
2004 | 250 kg |
Teresa | Mi b" (Es") | HELLEG TERESA ECH LAUDEN FIR TROUSCHT ZE SCHENKEN DEN AARMEN AN DE KRANKEN, AN DEENEN DÉI UM STIERWE LEIEN 200 JOR PAR SCHLËNNERMANESCHT 200 |
H. Schmit & Söhne | 2004 | 180 kg |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Schlënnermanescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwer déi "nei" Klacke vu Schlënnermanescht (de)
- D'Fënstere vun der Kierch zu Schlënnermanescht op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch vun Nordoste gesinn
-
Agank vun der Kierch mat dem Monument aux morts niewendrun
-
De Banneraum mat den Altär