John Steiner
brittesche Schauspiller
Den John Steiner, gebuer de 7. Januar 1941 zu Chester am Cheshire, a gestuerwen den 31. Juli 2022 zu La Quinta a Kalifornien, war en englesche Schauspiller.
John Steiner | |
---|---|
am Film "Ondata di piacere" (1975) | |
Gebuer |
7. Januar 1941 Chester |
Gestuerwen | 31. Juli 2022 |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Hien huet a méi wéi 70 Kinos- an Televisiounsfilmer matgespillt.
Liewen
ännerenAn de spéide 60er Joren huet hie mat der Schauspillerei ugefaangen, hien hat dacks d'Roll vum 'Béisen' an e sëllegen Italo-Western. No sengem leschte Film 1991, huet hie sech a Kalifornien néiergelooss, an huet do als Immobilienagent geschafft.
Den 31. Juli 2022 koum hie bei engem Verkéiersaccident ëm d'Liewen.[1]
Filmer (Auswiel)
änneren- Paprika (1991) vum Tinto Brass mam Martine Brochard
- Sinbad of the Seven Seas (1989) vum Enzo G. Castellari mam Lou Ferrigno
- Appuntamento a Liverpool (1988) vum Marco Tullio Giordana mam Isabella Ferrari a Valeria Ciangottini
- Der Commander (1988) vum Antonio Margheriti mam Lee Van Cleef an Donald Pleasence
- Giulia e Giulia (1987) vum Peter Del Monte mat der Kathleen Turner a mamSting
- Camping del terrore (1987) vum Ruggero Deodato mam Mimsy Farmer
- Striker (1987) vum Enzo G. Castellari mam Werner Pochath
- Lone Runner (1986) vum Ruggero Deodato mam Miles O'Keeffe
- The Berlin Affair (1985) vum Liliana Cavani mam Gudrun Landgrebe an Hanns Zischler
- Kommando Leopard (1985) vum Antonio Margheriti mam Lewis Collins a Klaus Kinski
- Cobra Mission (1985) vum Fabrizio De Angelis mam Oliver Tobias a Gordon Mitchell
- Mystère (1983) vum Carlo Vanzina mam Carole Bouquet a Gabriele Tinti
- Tenebre (1982) vum Dario Argento mam Anthony Franciosa a Giuliano Gemma
- The Salamander (1981) vum Peter Zinner mam Franco Nero an Anthony Quinn
- Car Crash (1981) vum Antonio Margheriti mam Vittorio Mezzogiorno an Ana Obregón
- Caligula (1979 vum Tinto Brass a Bob Guccione mam Malcolm McDowell, Peter O'Toole an Helen Mirren
- L'amour en question (1978)) vum André Cayatte mam Annie Girardot a Bibi Andersson
- Schock (1977) vum Mario Bava mam Daria Nicolodi an Ivan Rassimov
- Le Guêpier (1976) vum Roger Pigaut mam Claude Brasseur a Marthe Keller
- Salon Kitty (1976) vum Tinto Brass mam Helmut Berger, Ingrid Thulin an Teresa Ann Savoy
- Milano violenta (1976) vum Mario Caiano mam Vittorio Mezzogiorno a Silvia Dionisio
- Roma violenta (1975) vum Marino Girolami mam Richard Conte
- I Don't Want to Be Born (1975) vum Peter Sasdy mam Joan Collins a Caroline Munro
- Zanna Bianca (1973) vum Lucio Fulci mam Franco Nero a Virna Lisi
- Rappresaglia (1973) vum George P. Cosmatos mam Richard Burton a Marcello Mastroianni
- Incontro d'amore (1970) vum Paolo Heusch an Ugo Liberatore mam Laura Antonelli an Ettore Manni
- Alba pagana (1970) vum Ugo Liberatore mam Jane Birkin a Rossella Falk
- 12 + 1 (1969) vum Nicolas Gessner mam Sharon Tate an Orson Welles
- Work Is a 4-Letter Word (1968) vum Peter Hall mam David Warner an Zia Mohyeddin
- Tepepa (1968) vum Giulio Petroni mam Tomás Milián an Orson Welles
- Marat/Sade (1967) vum Peter Brook mam Patrick Magee a Glenda Jackson
- Darling, (1965) vum John Schlesinger mam Julie Christie, Laurence Harvey an Dirk Bogarde
Um Spaweck
änneren- ↑ British actor John Steiner identified as man killed in La Quinta crash on Sunday op desertsun.com (en)