Peter Brook
englesche Filmregisseur
De Peter Brook, gebuer als Peter Stephen Paul Brook den 21. Mäerz 1925 zu London, a gestuerwen den 2. Juli 2022 zu Paräis, war en engleschen Auteur, Film- an Theaterregisseur.
Peter Brook | |
---|---|
Gebuertsnumm | Peter Stephen Paul Brook |
Gebuer |
21. Mäerz 1925 Chiswick |
Gestuerwen |
2. Juli 2022 15. Arrondissement |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Frankräich |
Educatioun |
Magdalen College, Westminster School |
Aktivitéit | Theaterregisseur, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Autobiograph, Regisseur |
Member vun | Akademie der Künste Berlin, American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste |
Famill | |
Bestuet mat | Natasha Parry |
Geschwëster | Alexis Brook |
Kanner | Irina Brook, Simon Brook |
De Brook huet sech am Theater haaptsächlech mat de Stécker vum William Shakespeare beschäftegt. Dernieft huet hien awer och Stécker vun Auteure wéi Jean-Paul Sartre, Friedrich Dürrenmatt, Peter Weiss a Jean Genet inzenéiert.
De Peter Brook war vun 1951 bis zu hirem Doud am Joer 2015 mat der Schauspillerin Natasha Parry bestuet.
Filmographie
ännerenals Regisseur
ännerenKino
änneren- 1953: The Beggar's Opera - Haaptacteuren: Laurence Olivier, Hugh Griffith, Stanley Holloway
- 1959: Moderato cantabile - Haaptacteuren: Jeanne Moreau, Jean-Paul Belmondo, Pascale de Boysson
- 1963: Lord of the Flies
- 1967: Marat/Sade - Haaptacteuren: Patrick Magee, Ian Richardson, Glenda Jackson
- 1967: Tell Me Lies
- 1971: King Lear - Haaptacteuren: Paul Scofield, Irene Worth, Cyril Cusack
- 1976: Meetings with Remarkable Men - Haaptacteuren: Dragan Maksimovic, Terence Stamp, Natasha Parry
- 1983: La tragédie de Carmen - Haaptacteuren: Hélène Delavault, Zehava Gal, Eva Saurova
TV (Auswiel)
änneren- 1982: La cerisaie - Haaptacteuren: Niels Arestrup, Catherine Frot, Anne Consigny
- 1989-1990: The Mahabharata - (3 Episoden) - (TV-Mini-Serie)
- 2002: The Tragedy of Hamlet - Haaptacteuren: Adrian Lester, Natasha Parry
De Brook als Auteur
änneren- The Empty Space (1968)
- The Shifting Point (1988)
- Le diable c'est l'ennui (1991)
- There Are No Secrets (1993)
- The Open Door (1995)
- Threads of Time: Recollections (1998)
- Evoking Shakespeare (1999)
- The Quality of Mercy: Reflections on Shakespeare (2013)