Den 19. Dezember 2007 goufen déi Offiziell vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 vun der UEFA ernannt ginn. Dëst sinn zwielef Schidsriichter a 24 Assistenten. Dobäi kommen nach aacht Véiert Offizeller, déi am Fall bei enger Verletzung vun engem Schidsriichter deejéinegen ersetzen.
Déi zwielef Schidsriichter leeden 31 Spiller. Et sinn:
Nom offizielle Reglement vun der UEFA ass d'EM an d'Qualifikatioun an an d'Ennronn opgedeelt. Fir d'Ennronn konnte sech, ausser der Schwäiz an Éisträich, déi als Gaaschtland automatesch an d'Ennronn komm sinn, nach véierzéng aner Länner qualifizéieren.
Déi 50 Ekippen, déi fir déi véierzéng Ennronneplaze gespillt hunn, goufen a sechs Gruppe vu siwen an an eng Grupp vun aacht agedeelt.
Déi eenzel Gruppen, an deenen all Ekipp eng Kéier an engem Hin- a Réckspill géinteneen ugetruede sinn, qualifizéierte sech no 306 Spiller, d'Gruppenéischt an -zweet fir d'Europameeschterschaft 2008.