7. Juni
Datum
<< | Juni | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | |||||
3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 |
10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 |
17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 |
24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 |
2024 |
De 7. Juni ass den 158. Dag vum Joer (159. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1494: Traité vun Tordesillas tëscht Spuenien a Portugal, an deem d'Intressegebidder an den nei entdeckte Kontinenter opgedeelt ginn.
- 1654: De Louis XIV. gëtt zum Kinnek vu Frankräich gekréint.
- 1929: Vatikanstad gëtt e souveräne Staat.
- 1999: Éischt fräi Walen an Indonesien.
- 2001: Den Tony Blair gëtt als brittesche Premierminister erëmgewielt.
Lëtzebuerg
änneren- 1964: Bei de Chamberwale kritt d'CSV 22 Sëtz, d'LSAP der 21, d'DP der 6, d'KPL der 5 an de Mouvement Indépendant Populaire der 2.
- 2009: Bei de Chamberwale kritt d'CSV 26 Sëtz (+2), d'LSAP der 13 (-1), d'DP 9 (-1), déi Gréng 7 (+/-0), d'ADR 4 (-1), déi Lénk 1 (+1) an d'KPL (0) an d'Biergerlëscht (/) kee Sëtz. Bei den Europawale ginn 3 Sëtz un d'CSV a jee 1 un d'LSAP, d'DP an déi Gréng.
- 2015: Beim Referendum iwwer de Walalter, d'Auslännerwalrecht an d'Limitatioun vu Regierungsmandater sinn eng grouss Majoritéit vun de Wieler (respektiv 80,87 %, 78,02 % an 69,93 %) dergéint, déi aktuell gëlteg Bestëmmungen z'änneren.
Sport
änneren- 1979: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Malmö, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 0:3 géint Schweden.[1]
- 1995: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 1:0 géint déi Tschech Republik. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.[2]
- 2000: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Spuenien.[3]
- 2011: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Minsk, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Wäissrussland.[4]
- 2013: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Baku, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 1:1 géint den Aserbaidjan. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Stefano Bensi geschoss.[5]
Gebuer
änneren-
Paul Gauguin
-
Tom Jones
-
Liam Neeson
-
Orhan Pamuk
-
Prince
-
Damien Hirst
- 1848: Paul Gauguin, franséische Moler.
- 1876: Adolf Hnatek, éisträicheschen Astronom.
- 1896: Imre Nagy, ungaresche Politiker an Agrarökonom.
- 1901: Andrée Viénot, franséisch Politikerin.
- 1902: Jules Steichen, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 1903: Jean-Pierre Moris, lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.
- 1906: Fritz Hartmann, däitsche Krichsverbiecher, Chef vun der Gestapo zu Lëtzebuerg.
- 1909: Jessica Tandy, englesch Schauspillerin.
- 1915: Camille Lamboray, lëtzebuergesche Jurist an Auteur.
- 1917: Dean Martin, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 1923: Silvia Monfort, franséisch Schauspillerin, Theaterregisseurin an Autorin.
- 1923: Carlos Thompson, argentinesche Schauspiller.
- 1927: Charles de Tornaco, belschen Autospilot.
- 1928: Reg Park, englesche Bodybuilder a Schauspiller.
- 1928: François Magnani, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1933: Émile van der Vekene, lëtzebuergeschen Auteur a Bibliothecaire.
- 1939: Roger Michel Erasmy, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1940: Tom Jones, walisesche Pop-Sänger.
- 1942: Gérard Zingg, franséischen Dréibuchauteur, Filmregisseur, Schauspiller a Moler.
- 1945: Enrico Montesano, italieenesche Schauspiller.
- 1945: Wolfgang Schüssel, éisträichesche Politiker a Bundeskanzler.
- 1952: Orhan Pamuk, tierkesche Schrëftsteller, Nobelpräisdréier.
- 1952: Liam Neeson, brittesche Schauspiller.
- 1953: Johnny Clegg südafrikanesche Museker an Anthropolog.
- 1953: Libuše Šafránková, tschechesch Schauspillerin.
- 1955: Sylvie Karier, lëtzebuergesch Molerin.
- 1958: Prince, US-amerikanesche Komponist, Museker a Sänger.
- 1964: Sophie Carle, lëtzebuergesch Schauspillerin a Sängerin.
- 1965: Damien Hirst, brittesche Kënschtler.
- 1966: Paul Koch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1980: Laura Schroeder, lëtzebuergesch Regisseurin.
Gestuerwen
änneren- 1394: Anne vu Béimen, Fra vum Richard II. vun England.
- 1826: Joseph von Fraunhofer, däitschen Optiker, Physiker an Astronom.
- 1843: Alexis Bouvard, franséischen Astronom.
- 1843: Friedrich Hölderlin, däitsche Lyriker.
- 1876: Joséphine de Beauharnais, Kinnigin vu Schweden.
- 1920: Nicolas-Édouard Becker, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1927: Jean Berchem, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 1937: Jean Harlow, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1944: Armand Collard, belsche Resistenzler.
- 1945: Camille Dennemeyer, lëtzebuergesche Journalist, Schrëftsteller a politeschen Aktivist.
- 1954: Alan Turing, brittesche Mathemeatiker a Kryptoanalytiker.
- 1959: Victor Prost, lëtzebuergesche Politiker.
- 1966: Hans Arp, dïtsch-franséische Sculpteur, Moler a Lyriker (Dadaismus).
- 1968: Dan Duryea, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1971: Pierre Gansen, lëtzebuergesche Politiker.
- 1980: Henry Miller, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1982: Raymond Lamy, franséische Filmediteur a -regisseur.
- 1987: Aurelio Sabbatini, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1990: Gaston Glaesener, lëtzebuergesche Pedagog a Politiker.
- 1997: André Dalibert, franséische Schauspiller a Sänger.
- 2004: Roger Matton, kanadesche Komponist.
- 2008: Dino Risi, italieenesche Filmregisseur.
- 2011: Jorge Semprún, spuenesche Schrëftsteller a Politiker.
- 2013: Pierre Mauroy, franséische Politiker.
- 2015: Christopher Lee, brittesche Schauspiller.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 7. Juni – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schweden-Lëtzebuerg de 7. Juni 1979 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschech Republik de 7. Juni 1995 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Spuenien de 7. Juni 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wäissrussland-Lëtzebuerg de 7. Juni 2011 op der Websäit vun European Football
- ↑ WM-Qualifikation: Bensi trifft und vergibt 1:1-Unentschieden der FLF-Auswahl in Aserbaidschan Artikel op wort.lu vum 7. Juni 2013 ofgeruff den 9. Juni 2013