Rabat (arabesch: الرباط ar-Ribāṭ, berberesch: ⵔⵔⴱⴰⵟ R-rbaṭ) ass d'Haaptstad vu Marokko a mat 580.000 Awunner (Stand: 2014) déi siwentgréisst Stad vum Land. Et ass d'Haaptstad vun der administrativer Regioun Rabat-Salé-Kénitra, a mat den Nopeschstied Temara a Salé, bilt Rabat eng Agglomeratioun vun iwwer 1,8 Milliounen Awunner.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
|
Rabat läit um Atlanteschen Ozean an um südlechen Ufer vum Floss Bou Regreg, vis-à-vis vun der Nopeschstad Salé.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
|
Am 12. Joerhonnert huet den Almohadenherrscher Abd al-Mu'min Rabat als militäresche Stëtzpunkt erweidert a befestegt. D'Stad ass du stänneg gewuess bis an der Mëtt vum 13. Joerhonnert d'Meriniden den Afloss vun den Almohade staark reduzéiert hunn. Am 17. Joerhonnert gouf Rabat en Hafe fir d'Barbareskepiraten.