[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Steve McQueen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schauspiller Steve McQueen. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Steve McQueen (Homonymie).
Steve McQueen
Gebuertsnumm Terrence Steven McQueen
Gebuer 24. Mäerz 1930
Gestuerwen 7. November 1980
Ciudad Juárez
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Neighborhood Playhouse,
Actors Studio,
HB Studio
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Motorradcoureur, Autospilot, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Neile Adams, Barbara Minty

Den Terence Steven ("Steve") McQueen, gebuer de 24. Mäerz 1930 zu Beech Grove/Indianapolis am Indiana a gestuerwen de 7. November 1980 zu Ciudad Juárez a Mexiko, war en US-amerikanesche Film- an Televisiounssschauspiller. An den 1960er an 1970er huet hien zu deenen Hollywoodschauspiller gezielt, déi am meeschte Succès hate. Hie war ze gesinn ë. a. a Western wéi The Magnificent Seven, Abenteuerfilmer wéi Papillon, Krichsfilmer wéi The Great Escape an an Actionfilmer wéi Bullitt, Getaway oder The Towering Inferno.

Hien hat och eng grouss Passioun fir Motos- an Autoscourssen, an ass selwer matgefuer.

  • Yann-Brice Dherbier (Hrsg.): Steve McQueen. Bilder eines Lebens. Henschel, Leipzig 2008, ISBN 978-3-89487-604-3.
  • John Dominis: Steve McQueen: Photographien von John Dominis. München, Schirmer Mosel, 2009, 1. Auflage, ISBN 978-382960-412-3
Commons: Steve McQueen – Biller, Videoen oder Audiodateien