[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Michel Barnier

Vu Wikipedia
Michel Barnier
Gebuer 9. Januar 1951
La Tronche
Nationalitéit Frankräich
Educatioun ESCP Europe
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Partei Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République, Les Républicains

De Michel Bernard Barnier, gebuer den 9. Januar 1951 zu La Tronche, am Departement Isère, ass e franséische Politiker. Hien ass zanter dem 5. September 2024 Premierminister vu Frankräich.

Hie war, resp. ass Member vun de sukzessive gaullistesche Parteien (UDR, RPR, UMP, LR), an engagéiert sech zanter 1973 an der Politik; fir d'éischt an der Savoie, dono op nationalem Plang an um Niveau vun der EU. 1978 gouf hie fir d'éischt an d'Nationalversammlung gewielt.


Hie war bis ewell Minister responsabel fir ënnerschiddlech Politikberäicher (Ëmwelt, Bezéiungen zu der EU, Aussebezéiungen, Landwirtschaft an Ernierung) an zwee Mol Member vun der Europäescher Kommissioun an de Kommissioune Prodi a Barroso II (Kommissär fir Regionalpolitik, dono fir Bannemaart a Finanzdéngschter).

2016 gouf hien zum Chefnegociateur vun der EU bei de Brexit-Verhandlungen ernannt, an dono Chef vun der Taskforce, fir dës ze finaliséieren an déi zoukünfteg Bezéiunge mat Groussbritannien auszehandelen.

De 5. September 2024 het de Staatspresident Emmanuel Macron hien zum neie Premierminister ernannt.

Commons: Michel Barnier – Biller, Videoen oder Audiodateien