Dalhem (Belsch)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Dalhem an der Provënz Léck. Fir aner Begrëffer mam Numm Dalhem, kuckt wgl. Dalhem. |
Dalhem | |
---|---|
De Wichet de la Rose an der Uewerstad | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Awunner | 7.331 (2017) |
Fläch | 3 705,8286 ha |
Fläch vun der Sektioun | 225,0191 ha |
Koordinaten |
50° 42’ 48’’ N 05° 43’ 22’’ O |
Telefonszon | 04 |
Postcode | 4607 |
Websäit | http://www.dalhem.be |
Dalhem op Wallounesch Dålem ass eng belsch Gemeng a Wallounien, an der Provënz Léck. Se gehéiert och zur natierlecher Regioun Pays de Herve. Administrativ gehéiert d'Gemeng zum Arrondissement Léck, Justizméisseg gehéiern all d'Sektiounen zum Geriichtsbezierk Léck, mat Ausnam vun Neufchâteau dat zu Verviers gehéiert.
D'Verwaltungsgebai vun der Gemeng steet an der Sektioun Berneau. Et ass dat fréiert Paschtoueschhaus nieft dem Schlass de Borcht, dat de leschte Schlasshär de P.E. de Borchgrave, der deemoleger Gemeng Berneau 1921 verkaaft hat.[1]
Sektiounen an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Berneau, Bombaye, Dalhem, Feneur, Mortroux, Neufchâteau, Saint-André a Warsage.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ëm 1076 huet de Pfalzgrof Hermann II. op der Kopp vun Dalhem eng kleng Buerg opgeriicht fir de Limburger Grofen de Bass ze halen. D'Lännereie ronderëm verdeele sech op Kapitele vu Saint-Lambert vu Léck, St. Servaas vu Maastricht an d'Doumkapitel vun Oochen, souwéi op d'Herzogtum Limburg, an d'Härschafte vu Valkenburg an Herzogenrath. Den Numm vun Dalhem daucht fir d'éischt an Dokumenter iwwer de Successiounskrich am Herzogtum Loutrengen op.
Am 12. Joerhonnert koum d'Buerg an de Besëtz vun de Grofe vun Are an duerno huet se deene vun Hochstaden gehéiert. 1244 koum Dalhem grad wéi déi aner 2 Härschafte vum Pays d'Outre-Meuse ënner d'Härschaft vum Herzogtum Brabant. Géint 1370 wéi d'Brabänner am Krich mat de Lécker waren, haten déi d'Grofschaft ausgeraibert. 1396 huet d'Herzogin Jeanne vu Brabant dem Burgunder Philipp dem Kéngen d'Grofschaft iwwerlooss.
Bekannt Persounen
[änneren | Quelltext änneren]- Roger Claessen (1941–1982), Foussballspiller
- Oscar d'Ardenne (1897 - 1968), Kommandant vum Fort d'Aubin-Neufchâteau
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dalhem (Belsch) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Informatioun bezitt sech op follgend Quellen: Société royale archéo-historique de Visé et sa région, Berneau les Rendez-vous de l'histoire (1994).; Ministère de la communauté française, Le patrimoine monumental de la Belgique Léck (1980); Blondeau, Christel, Dalhem, huit villages, huit passés (1997).