Dorsum (Planetologie)
Ausgesinn
Dorsum (Plural Dorsa, aus lat. Dorsum = Réck) ass e Begrëff vun der Astrogeologie fir d'Bezeechnung vun Uewerflächestrukture vu Planéiten, Mounden oder Asteroiden. E bezeechent héich réckaarteg Strukturen, ass awer keen eigentlechen astrogeologesche Begrëff, dat heescht, e seet näischt iwwer d'Genesis vun där sou bezeechenter Struktur aus. E bekannt Beispill ass de Schiaparelli Dorsum um Mars.[1]
Benennungen
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'Benennung vun Dorsa gëtt et follgend Konventioune vun der IAU:[2]
- Merkur: Verstuerwe Wëssenschaftler, déi zu der Merkurfuerschung bäigedroen hunn
- Venus: Himmelsgëtter
- Äerdmound: Geowëssenschaftler; kuckt Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Mars: Keng eenheetlech Benennungsmethod
- Asteroiden
- (243) Ida: Mataarbechter vum Galileo Projet
- (433) Eros: Wëssenschaftler, déi zu der Erfuerschung vum Eros bäigedroen hunn
- (4) Vesta: Wëssenschaftler, déi zu der Erfuerschung vun der Vesta bäigedroen hunn
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Ian Ridpath: A Dictionary of astronomy. Oxford University Press, Oxford 2007, ISBN 0-19-921493-X
- ↑ IAU: Categories for Naming Features on Planets and Satellites. In: Gazetteer of Planetary Nomenclature.