12. Juli
Ausgesinn
<< | Juli | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 | ||||
2024 |
Den 12. Juli ass den 193. Dag vum Joer (194. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1790: Frankräich: Zivilverfaassung vum Klerus. Et ginn nei Diözese geschaf an d'Geeschtlech gi Staatsbeamten, déi en Eed op d'Constitutioun leeschte mussen.
- 1906: Den Alfred Dreyfus (Affär Dreyfus) gëtt offiziell rehabilitéiert.
- 1936: Déi 13 Offizéier a 4 Zivilisten, déi beim Militärputsch vum 26. Februar, a Japan ënner dem Numm 2/26 bekannt, matgemaach haten, ginn higeriicht.
- 1938: sowjetesch Truppe besetzen een Deel vum japanesche Vasallestaat Mandschukuo (Mandschurei).
- 1975: São Tomé e Príncipe gëtt onofhängeg vu Portugal.
- 1979: Kiribati gëtt onofhängeg vu Groussbritannien.
- 2001: Den Ex-Kinnek Simeon II. gëtt ënner sengem biergerlechen Numm Simeon Sakskoburggotski Ministerpresident vu Bulgarien.
- 2005: Den Albert II. gëtt neie Prënz vu Monaco.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Mathias Mongenast
-
Edmond Klein
-
Amadeo Modigliani
-
Pablo Neruda
-
Lionel Jospin
-
Malala Yousafzai
- 1843: Mathias Mongenast, lëtzebuergesche Politiker.
- 1863: Albert Calmette, franséischen Dokter, Bakteriolog an Immunolog.
- 1866: Edmond Joseph Klein, lëtzebuergeschen Naturwëssenschaftler an Theaterschrëftsteller.
- 1867: Gustave Gretsch, Iechternacher Dokter a Gemengepolitiker.
- 1868: Stefan George, däitsche Schrëftsteller.
- 1880: Jean-Pierre Wenkin, lëtzebuergesche Politiker.
- 1882: Tod Browning, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1884: Georges-Marie Haardt, Direkter bei Citroën.
- 1884: Amedeo Modigliani, italieenesche Moler a Sculpteur.
- 1902: Günther Anders, däitsche Schrëftsteller.
- 1904: Pablo Neruda, chileeneschen Dichter a Literaturnobelpräisdréier.
- 1908: Alain Cuny, franséische Schauspiller.
- 1912: Andy Felten. lëtzebuergesche Museker.
- 1914: Adrien van Kauvenbergh, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 1917: Andrew Wyeth, US-amerikanesche Moler.
- 1937: Lionel Jospin, franséische Politiker a Premierminister.
- 1943: Christine McVie, brittesch Sängerin.
- 1954: Gérard Lommel, lëtzebuergesche Jurist.
- 1955: Timothy Garton Ash, britteschen Historiker.
- 1959: Tupou VI., Kinnek vun Tonga.
- 1962: Roger Wagner, lëtzebuergesche Fotograf.
- 1984: Mikaela Hoover, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1985: Catherine Keipes, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 1997: Malala Yousafzai, pakistanesch Kannerrechtlerin a Friddensnobelpräisdréiesch.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1536: Erasmus vu Rotterdam, hollänneschen Humanist.
- 1682: Jean Picard, franséische Paschtouer an Astronom.
- 1712: Richard Cromwell, Lord Protector vun England, Schottland an Irland.
- 1907: Jean-Pierre-Joseph Koltz, lëtzebuergesche Botaniker a Forstingenieur.
- 1926: Gertrude Bell, brittesch Reesschrëftstellerin an Historikerin.
- 1935: Alfred Dreyfus, franséischen Offizéier.
- 1961: Aloïse Klensch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1966: Nicolas Kanivé, lëtzebuergeschen Turner, Wäitsprénger an Olympionik.
- 1967: Otto Nagel, däitsche Moler.
- 1978: Heinrich Rempel, däitschen Archeolog.
- 1980: Arsène Mersch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1982: Raymond Borderie, franséische Filmproduzent.
- 1982: Kenneth More, englesche Filmschauspiller.
- 1987: Rudolf Lenz, éisträichesche Schauspiller.
- 1995: Gordon Flemyng, brittesche Film- an Tëleesregisseur.
- 1996: Gottfried von Einem, éisträichesche Komponist.
- 1997: François Furet, franséischen Historiker.
- 2000: René Greisch, belsche Bréckebauingenieur.
- 2003: Benny Carter, US-amerikaneschen Jazzsaxophonist.
- 2003: René Bürger, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 2005: Piero Cappuccilli, italieeneschen Operesänger.
- 2010: Luigi Scattini, italieenesche Filmregisseur.
- 2013: Pran, indesche Schauspiller.
- 2022: Bramwell Tovey, britteschen Dirigent a Komponist.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 12. Juli – Biller, Videoen oder Audiodateien |