1. Juli
Ausgesinn
<< | Juli | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 | ||||
2024 |
Den 1. Juli ass den 182. Dag vum Joer (183. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1916: Éischte Weltkrich: Ufank vun der Somme-Schluecht, wou den éischten Dag zéngdausende vu britteschen Zaldoten ëm d'Liewe kommen.
- 1921: D'Kommunistesch Partei China gëtt gegrënnt.
- 1937: Irland erkläert sech zur Republik.
- 1959: Däitschland: Den Heinrich Lübke gëtt Bundespresident.
- 1960: Déi fréier brittesch an italieenesch Protektorater mam Numm Somaliland fusionéieren a ginn zu Somalia.
- 1962: Ruanda gëtt vun der Belsch onofhängeg.
- 1968: D'Douanesunioun tëscht de Memberlänner vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft trëtt a Kraaft.
- 1974: Däitschland: De Walter Scheel gëtt Bundespresident.
- 1974: Guatemala: De Generol Kjell Eugenio Laugerud García gëtt duerch Walbedruch Staatspresident.
- 1976: Spuenien: Den Adolfo Suárez gëtt Ministerpresident.
- 1977: El Salvador: De Generol Carlos Humberto Romero Mena gëtt Staats- a Regierungschef.
- 1978: Guatemala: De Generol Romeo Lucas García gëtt duerch Walbedruch Staatspresident.
- 1979: Sony bréngt de Walkman op de Maart.
- 1984: Däitschland: De Richard von Weizsäcker gëtt däitsche Bundespresident.
- 1987: Den Acte unique trëtt a Kraaft.
- 1990: Wirtschafts-, Wärungs- a Sozialunioun tëscht der DDR an der BRD.
- 1991: De Warschauer Vertrag ("Warschauer Pakt") gëtt opgeléist.
- 1997: Hongkong geet u China zeréck.
- 2000: Dänemark: D'Öresundbréck tëscht Kopenhagen a Malmö gëtt ageweit.
- 2004: Däitschland: Den Horst Köhler gëtt däitsche Bundespresident.
- 2013: Kroatien gëtt 28. Memberstaat vun der Europäescher Unioun.
- 2023: Kroatie gëtt Member vun der Eurozon a féiert den Euro an, ausserdem trëtt et dem Schengen-Raum bäi.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1704: Déi éischt Nummer vun der éischter lëtzebuergescher Zeitung, La Clef du cabinet des princes de l'Europe kënnt eraus.
- 1913: Déi éischt Nummer vum Escher Tageblatt kënnt eraus.
- 1967: Den obligatoresche Militärdéngscht gëtt ofgeschaaft.
- 1983: D'Gesetz iwwer Restrukturéierung vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg trëtt a Kraaft, dat et erlaabt, Mesuren ze huelen, déi am Rapport Gandois virgeschloe goufen.
- 1988: De Centre national de l'audiovisuel zu Diddeleng mécht seng Diere fir de Publik op.
- 2023: Déi nei Lëtzebuerger Constitutioun trëtt a Kraaft.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Gottfried Wilhelm Leibniz
-
George Sand
-
Louis Blériot
-
Olivia De Havilland
-
Morgan Freeman
-
Raoul Biltgen
- 1646: Gottfried Wilhelm Leibniz, däitsche Philosoph an Universalgeléierten.
- 1738: Charles Louis François de Paule de Barentin, franséische Minister.
- 1742: Georg Christoph Lichtenberg, däitsche Physiker a Schrëftsteller.
- 1766: François Scheffer, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1788: Jean Victor Poncelet, franséische Mathematiker.
- 1804: George Sand, franséisch Schrëftstellerin.
- 1818: Ignaz Semmelweis, éisträicheschen Dokter an Hygiène-Pionéier.
- 1822: Charles-Théodore André; Politiker, Jurist an Auteur.
- 1831: Jules Collart, lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär.
- 1840: Robert Stawell Ball, ireschen Astronom, Mathematiker a Auteur vu populärwëssenschaftleche Bicher.
- 1853: Pierre Hentges, lëtzebuergesche Politiker a Sportler.
- 1872: Louis Blériot, franséische Fluchpionéier.
- 1879: Léon Jouhaux, franséische Gewerkschaftler an Nobelpräisdréier.
- 1886: Jizchak Katzenelson, jiddeschen Auteur.
- 1896: Adolphe Eberhard, lëtzebuergesche Moler.
- 1898: André-Marie Charue, belsche Geeschtlechen a Bëschof vun Namouer.
- 1899: Charles Laughton, amerikanesche Schauspiller a Realisateur.
- 1901: Christian Scholl, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1902: William Wyler, amerikanesche Regisseur.
- 1902: Nicolas Bommertz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1910: Pierre Duncan, franséische Schauspiller.
- 1918: Vittorio Sala, italieenesche Regisseur.
- 1914: Christl Cranz, däitsch Alpinschileeferin.
- 1916: Olivia de Havilland, brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1924: Georges Rivière, franséische Schauspiller.
- 1925: Farley Granger, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1928: Gunnar Möller, däitsche Schauspiller.
- 1931: Leslie Caron, franséisch Schauspillerin.
- 1934: Sidney Pollack, US-amerikanesche Filmregisseur, Produzent a Schauspiller.
- 1934: Claude Berri, franséische Regisseur, Produzent a Schauspiller.
- 1935: Lothar Koch, däitschen Hautbois-Spiller.
- 1937: Morgan Freeman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1938: Nico Thurm, lëtzebuergesche Moler.
- 1939: Karen Black, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 1939: Augusto Caminito, italieeneschen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1943: Michel Gretsch, lëtzebuergeschen Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi.
- 1943: Alphonse Hutsch, lëtzebuergeschen Zeechner, Moler, Illustrator, Graphiker a Karikaturist.
- 1953: Lawrence Gonzi, malteesesche Politiker.
- 1953: Nico Helminger, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1953: Jadranka Kosor, kroatesch Politikerin.
- 1955: Augusto De Luca, italieenesche Fotograf.
- 1955: Li Keqiang, chineesesche Politiker.
- 1958: John Lorent, lëtzebuergesche Politiker.
- 1961: Diana, Princess of Wales, éischt Fra vum britteschen Trounfollger Charles.
- 1967: Pamela Anderson, kanadesch-US-amerikanescht Fotomodel a Schauspillerin.
- 1971: Buket Alakuş, däitsch-tierkesch Filmregisseurin.
- 1974: Raoul Biltgen, lëtzebuergesche Schauspiller a Schrëftsteller.
- 1976: Ruud van Nistelrooy, hollännesche Foussballspiller.
- 1977: Claudia Passeri, italieenesch Graphikdesignerin.
- 1977: Liv Tyler, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1982: Dan Ley, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1983: Jeanne Schneider, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1992: Jerôme Michels, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1992: Mia Malkova, US-amerikanesch Pornoduerstellerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1589: Christophe Plantin, franséische Buchdrécker an Editeur.
- 1860: Charles Goodyear, US-amerikanesche Cheemiker an Ingenieur.
- 1866: Ferdinand Baldauff, lëtzebuergeschen Dokter.
- 1890: Joseph Servais, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 1914: Pierre Thinnes, lëtzebuergesche Geeschtlechen.
- 1925: Erik Satie, franséische Komponist a Pianist.
- 1940: Ben Turpin, amerikanesche Stommfilm-Komiker.
- 1955: Edward Kasner, US-amerikanesche Mathematiker.
- 1956: Tony Schmit, lëtzebuergesche Bauer an Deputéierten.
- 1961: Louis-Ferdinand Céline, franséische Schrëftsteller an Dokter.
- 1974: Juan Perón, argentinesche Militär a Politiker; Staatspresident.
- 1980: Émile Raus, lëtzebuergesche Jurist.
- 1982: Michel Delleré, lëtzebuergesche Professer a Literat.
- 1997: Robert Mitchum, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1999: Sylvia Sidney, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1999: Edward Dmytryk, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2000: Walter Matthau, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2004: Marlon Brando, Filmschauspiller a Regisseur.
- 2004: Paul Beghin, lëtzebuergesche Politiker a Jurist.
- 2008: Jhemp Bertrand, lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.
- 2009: Karl Malden, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2012: Margot Werner, éisträichesch Balletsdänzerin, Schauspillerin a Chansonsängerin.
- 2015: Sergio Sollima, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2022: Maurizio Pradeaux, italieenesche Filmregisseur.
- 2023: Dilano van 't Hoff, hollänneschen Autoscoureur.
- 2024: Ismail Kadare, franko-albanesche Schrëftsteller.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1. Juli – Biller, Videoen oder Audiodateien |