[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Mitock

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Vugel Mitock. Fir d'satiresch Zäitschrëft, kuckt wgl. De Mitock.
Mitock
Mitock

Mitock
Mitock
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Upupiformes
Famill: Mitocken
Gattung: Upupa
Wëssenschaftlechen Numm
'Upupa epops'
Linnaeus, 1758
Upupa epops

De Mitock, mam wëssenschaftlechen Numm Upupa epops, ass déi eenzeg Aart, oder no anerer Opfaassung, eng vun e puer Aarten, aus der Vullefamill vun de Mitocken (Upupidae). D'Mitocke gehéieren zu der Uerdnung vun den Upupiformes (de: Hopf- und Hornvögel).

D'Aart ass an Europa, Asien an Afrika wäit verbreet. A munneche Regiounen ass de Mitock seele ginn. Déi afrikanesch Forme ginn dacks als eegestänneg Aarte betruecht: Upupa africana, U. senegalensis, U. marginata. No Norden ass déi Aart ze fanne bis bal 60° N, am Oste bis un d'Küst vum Pazifik an no Süde bis Madagaskar, d'Kapprovënzen, Sri Lanka an d'Sunda-Inselen.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Mitock zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt oder gouf eng ganz Rëtsch vun Nimm fir de Mitock:

  • Hupp-Hupp
  • Butbutt
  • Buddebutt
  • Buddert
  • Bëschbubbert
  • Bëschbuppert
  • Wuppert
  • Ruppert
  • Witapp
  • Riffer
  • Drecksvull
  • Sténkert

An den 1960er Joren huet de Mitock fir d'lescht zu Lëtzebuerg gebréit.[1] Allerdéngs ass en an der leschter Zäit erëm zu Lëtzebuerg gesi ginn, besonnesch am Fréijoer, an et gëtt ugeholl (2011), datt en deemnächst och erëm do bréie wäert.[2] Déi Säit der Grenz, an der Géigend vun Tréier, ass dat schonn de Fall: do ass am Joer 2009 festgestallt ginn, datt de Mitock fir d'éischt zanter 100 Joer nees emol do gebréit huet, an zwar zu Ayl am Landkrees Tréier-Saarburg.[3]

De Mitock an der lëtzebuergescher Kultur

[änneren | Quelltext änneren]

An der Literatur

[änneren | Quelltext änneren]

De Mitock ass ee vun de Personnagen am Dicks sengem Vulleparlament am Gréngewald (1848):[4],[5]

De Miitock jeitzt: " Kèng Steire méh,
Kéng Schóll, kee Weirecht, kèng Schossé,
Kèng Mären, (bis),
A fort mat allen Herren!
"[6]

A moderner Schreifweis:

De Mitock jäizt: "Keng Steire [Steiere] méi, / Keng Schoul, kee Wäirecht [eng Steier um Wäin], keng Chaussée, / Keng Mairen [Buergermeeschteren], / A fort mat allen Hären!"

De Spottnumm Mitock war fir den Deputéierten Nicolas Spanier, e Mëller vu Waldbriedemes, geduecht, deen antiorangistesch a géint d'Groussgrondbesëtzer vun der Musel war.[4]

Am Michel Rodange sengem Renert (1872) (éischte Gesank, 3. Stroph) gehéiert de Mitock zu deenen Déieren, déi op Invitatioun vum Kinnek, dem Léiw, am Gréngewald zesummekommen.

De Mitock als Emblem fir eng satiresch Wochenzäitschrëft

[änneren | Quelltext änneren]

De Mitock, e Wocheblad fir Jux an Zodi war eng lëtzebuergeschesch satiresch Wochenzäitschrëft, déi vun 1937 bis 1940 erauskoum.

De Mitock als Péckvillchen

[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Eemaischen vun 2010 huet de lëtzebuergesche Kënschtler Alex Gilbert de Mitock als Modell fir seng Péckvillecher geholl.[7]

  1. Lorgé & Melchior 2010, S. 202.
  2. Der Wiedehopf in Luxemburg. Gaart an Heem 2011 (Nr. 6), S. 185.
  3. Weishaar & Johannes 2011.
  4. 4,0 4,1 G. Goetzinger et al.: Ech sinn e groussen Hexemeeschter: Dicks, 1823-1891. Ausstellung und Katalog. Centre national de littérature, Mersch 2009, S. 57-59, 248.
  5. P. N.: Vor hundert Jahren: eine politische Satire. In: Die Warte 1948, 1. Jg., Nr. 8 (20. November), S. 3. [1]
  6. D'Vulleparlament am Gréngewald (ob d'Weis vun der Vullenhóchzeit). In: Der Volksfreund 1848, Nr. 79 (5. November).
  7. Les «Péckvillercher» 2010 d'Alex Gilbert. Lëtzebuerger Journal vum 11. Mäerz 2010. [2]
Commons: Upupa epops – Biller, Videoen oder Audiodateien