RT-70
RT-70 ass d'Bezeechnung vun dräi Radioteleskopen a Länner, déi fréier en Deel vun der UdSSR waren. Allen dräi hunn 70 m Reflekterduerchmiesser a schaffen am Frequenzberäich 5–300 GHz. Déi dräi Teleskope sinn:
- De Jewpatorija RT-70 Radioteleskop am Center for Deep Space Communications, Jewpatorija op der Krim an der Ukrain
- De Galenki RT-70 Radioteleskop am East Center for Deep Space Communications zu Galenki, no bei Ussurisk a Russland
- De Suffa RT-70 Radioteleskop, am Suffa-Radioobservatorium um Suffa-Plateau am Usbekistan
D'Teleskope vu Jewpatorija a Galenki ware fir d'Kommunikatioun mat sowjetesche Raumsonden. D'Teleskop zu Jewpatorija gouf och als Radarteleskop fir d'Observatioun vu Weltraumschrott an Asteroiden agesat.
Um Spaweck
änneren- (ru) Jewpatorija RT-70 Radioteleskop (Russesch)
- (ru) Suffa RT-70 Radioteleskop (Russesch)
- Status vum Suffa-Observatoriums 2006