[go: up one dir, main page]

Arthur Knaff

Oberleutnant vum Lëtzebuerger Jeeërbatailloun an dono Telegrapheninspekter
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Arthur Knaff, gebuer den 2. Abrëll 1845 a Clausen, a gestuerwen den 12. Oktober 1911 an der Stad Lëtzebuerg[1], war Oberleutnant vum Lëtzebuerger Jeeërbatailloun an dono Telegrapheninspekter.

Arthur Knaff
Gebuer 2. Abrëll 1845
Clausen
Gestuerwen 12. Oktober 1911
Lëtzebuerg

Vun 1884 bis 1904 war hie Member vum Stater Gemengerot, dovu vun 1896 un am Schäfferot.

1895 huet hien zesumme mam Louis Joseph Zelle eng chronologesch Dokumentatioun iwwer Die Blockade der Festung Luxemburg durch die Truppen der französischen Republik 1794-1795 publizéiert.

Hie war Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.

An der Stad Lëtzebuerg gouf d'Rue Arthur-Knaff no him genannt.

Referenzen

änneren
  1. "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" ons stad Nr. 17 (1984), S.24.