12. Oktober
Datum
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
Den 12. Oktober ass den 285. Dag (286. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1931: Zu Rio de Janeiro gëtt d'Christusstatu um Corcovado ageweit, déi vum Heitor Silva Costa entworf gi war.
- 1968: Equatorialguinea gëtt vu Spuenien onofhängeg.
- 2002: Op Bali, an Indonesien, kommen 202 Mënsche bei enger Bommenattentat ëm d'Liewen.
Lëtzebuerg
- 1915: D'Regierung Mongenast gëtt vereedegt; si bleift just 25 Deeg am Amt.
Sport
änneren- 1969: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:5 géint Polen. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Josy Kirchens geschoss.[1]
- 1977: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:2 géint England.[2]
- 1983: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:6 géint Dänemark.[3]
- 1991: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Portugal. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Carlo Weis geschoss.[4]
- 1993: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmesschterschaft 1994, 1:3 géint Griicheland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Stefano Fanelli geschoss.[5]
- 1994: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Minsk, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:2 géint Wäissrussland.[6]
- 2002: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:2 géint Dänemark.[7]
- 2005: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:2 géint Estland.[8]
- 2010: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Metz, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Frankräich.[9]
- 2012: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:6 géint Israel.[10]
- 2014: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[11]
- 2015: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:4 géint d'Slowakei. D''Goler fir Lëtzebuerg hunn de Mario Mutsch an de Lars Gerson geschoss.[12]
- 2018: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Baryssau-Arena-Stadion an engem UEFA-Nations-League-Match 1:0 géint Wäissrussland.[13]
Gebuer
änneren-
Pedro IV. / I.
-
Luciano Pavarotti
- 1544: Jean Bertels, Abt vun der Abtei Neimënster an Iechternach, Chronist an Historiker.
- 1721: Emmanuel Limpach, Abt vun der Abtei Iechternach.
- 1798: Pedro IV., Kinnek vu Portugal; als Pedro I. Keeser vu Brasilien.
- 1856: Paul Ulveling, lëtzebuergesche Riichter a Member vum Staatsrot.
- 1887: Betty Fischer, éisträichesch Operettesängerin.
- 1889: Perle Mesta, US-amerikanesch Diplomatin.
- 1896: Eugenio Montale, italieenesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 1899: Josef Eichner, däitsche Politiker.
- 1904: Mathias Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1905: Joseph Kosma, éisträichesch-ungaresch-franséische Filmmusekkomponist.
- 1906: Virginie Rausch, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 1907: Charles Lambert, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1911: Félix Lévitan, franséische Sportsjournalist.
- 1915: Bernhard Rhein, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1925: Elmar Hillebrand, däitsche Sculpteur.
- 1935: Luciano Pavarotti, italieenesche Sänger.
- 1935: Berthe Lutgen, lëtzebuergesch Molerin.
- 1936: Pascale Audret, franséisch Schauspillerin.
- 1941: Frank Alamo, franséische Sänger.
- 1944: Ton Koopman, hollänneschen Dirigent, Organist an Cembalist.
- 1944: Johny Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1945: Jacques-Yves Henckes, lëtzebuergesche Politiker.
- 1945: Aurore Clément, franséisch Schauspillerin.
- 1946: Rosanna Marani, italieenesch Journalistin a Schrëftstellerin.
- 1948: Catherine Jourdan, franséisch Schauspillerin.
- 1948: Rick Parfitt, brittesche Museker.
- 1964: Marie-Paule Jungblut, lëtzebuergesch Historikerin, Philologin a Spezialistin fir Museologie.
- 1968: Carla Lucarelli, lëtzebuergesch Autorin, Regisseurin a Schauspillerin.
- 1970: Cláudia Abreu, brasilianesch Schauspillerin.
- 1978: Georg Hettich, däitsche Schileefer.
- 1994: Cláudia Pascoal, portugisesch Sängerin.
Gestuerwen
änneren- 1576: Maximilian II., Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
- 1874: François Guizot, franséische Politiker an Historiker.
- 1911: Arthur Knaff, lëtzebuergeschen Oberleutnant an Telegrapheninspekter.
- 1915: Edith Cavell, brittesch Infirmière.
- 1918: Émile Guimet, franséischen Asien-Spezialist a Konschtsammler.
- 1918: Jacques Meyers, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Professer.
- 1939: Melchior Bourg-Gemen, lëtzebuergesche Rousenziichter.
- 1948: Louis Salou, franséische Schauspiller.
- 1972: Robert Le Vigan, franséische Schauspiller.
- 1982: John Brahm, däitsche Filmregisseur.
- 1968: Jean Gallion, lëtzebuergesche Politiker.
- 1993: Jean-Pierre Glesener, lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.
- 1996: Michel Breithoff, lëtzebuergesche Moler.
- 2006: Angelika Machinek, däitsch Seegelfligerpilotin
- 2009: Frank Vandenbroucke, belsche Vëlossportler.
- 2011: Heinz Bennent, däitsche Schauspiller.
- 2012: Harry Valérien, däitsche Sportjournalist an Auteur.
- 2013: George Howard Herbig, US-amerikaneschen Astronom.
- 2015: Joan Leslie, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2019: Carlo Croccolo, italieenesche Schauspiller.
- 2020: Conchata Ferrell, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2022: Abbes Hever, lëtzebuergesche Graphiker.
Feierdeeg
änneren- Nationalfeierdag vun Equatorialguinea.
Um Spaweck
ännerenCommons: 12. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Polen-Lëtzebuerg den 12. Oktober 1969 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England den 12. Oktober 1977 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Dänemark-Lëtzebuerg den 12. Oktober 1983 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 12. Oktober 1991 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland den 12. Oktober 1993 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wäissrussland-Lëtzebuerg den 12. Oktober 1994 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Dänemark-Lëtzebuerg den 12. Oktober 2002 op der Websäit European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Estland den 12. Oktober 2005 op der Websäit European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 12. Oktober 2010 op der Websäit European Football
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Israel den 12. Oktober 2012 op tageblatt.lu Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 13.10.2012.
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Spuenien vum 12. Oktober 2014 op der Websäit eu-football.info
- ↑ De Lännermatch LëtzebuergSlowakei vum 12. Oktober 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ Wäissrussland - Lëtzebuerg op eu-football.info