[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Vëlkerschluecht vu Leipzig

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Vëlkerschluecht vu Leipzig am Joer 1813. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Leipzig (Homonymie).


Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vëlkerschluecht vu Leipzig
Vëlkerschluecht vu Leipzig
Datum 16. bis 19. Oktober 1813
Plaz Leipzig a Sachsen
Resultat Victoire vun den Alliéierte
géint d'Fransousen
Kontrahenten
Russland
Preisen-Éisträich
Schweden
Frankräich
Kommandanten
Truppen op der Plaz
310 000 Männer 210 000 Männer
Verloschter
Konflikt
Befreiungskricher


Déi sougenannt Vëlkerschluecht bei Leipzig (16. bis 19. Oktober 1813) war déi entscheedend Schluecht vun de Befreiungskricher. An deene stoungen d'Truppe vun den Alliéierten Éisträich, Preisen, Russland a Schweden den Truppe vum Keeser Napoleon géinteniwwer.

Mat am Ganzen ongeféier 520.000 bedeelegten Zaldoten aus méi wéi enger Dose Vëlker war dat Gefecht bis Ufank vum Éischte Weltkrich déi gréisst Schluecht vun der Weltgeschicht. An dëser wichtegster Schluecht vum Befreiungskrich géint déi napoleonesch Friemherrschaft hunn déi zueleméissig iwwerleeën alliéiert Arméie vun den Éisträicher, Preisen, Russen a Schweden den Napoleon Bonaparte entscheedend geschloen, soudatt den Napoléon gezwonge war, sech mat sengen iwwereg gebliwenen Truppen aus Däitschland zeréckzezéien.

An der Schluecht si vun de 520.000 bedeelegten Zaldoten 115.000 Mann ëmkomm oder blesséiert ginn.

Am Joer 1913 – genee 100 Joer méi spéit – gouf dat 91 Meter héicht Vëlkerschluechtdenkmal fäerdeg an op där Plaz opgeriicht, wou déi meescht Zaldote gefall sinn.

Commons: Battle of Leipzig – Biller, Videoen oder Audiodateien