Den Tour de France 2020 war déi 107. Editioun vum Tour de France am Cyclissem. E war virgesinn, tëscht dem 17. Juni an dem 19. Juli ze fueren; wéinst der COVID-19-Pandemie gouf d'Course op d'Period tëscht dem 29. August an 20. September verréckelt.[4].
De Grand Depart war zu Nice, d'Arrivée, wéi gewinnt, zu Paräis op der Avenue des Champs-Élysées. De Sloween Tadej Pogačar huet den Tour am Generalklassement gewonnen.
De Parcours war am Ganzen 3.470 Kilometer laang a bestoung aus 21 Etappen, dorënner eng am individuelle Contre-la-montre. Et goung iwwer 29 Colle vun der 2. Kategorie oder driwwer, an dat an den Alpen, dem Massif central, de Pyrenäen, dem Jura an de Vogesen.
Et sinn déi 19 Ekippe mat UCI World Tour Lizenz matgefuer, souwéi och Direct Énergie, déi déi éischt am Klassement vun UCI Europe Tour 2019 gi war.
WorldTeams (19)- AG2R La Mondiale
- Astana
- Bahrain McLaren
- Bora-Hansgrohe
- CCC Team
- Cofidis
- Deceuninck-Quick Step
- EF Pro Cycling
- Groupama-FDJ
- Israel Start-Up Nation
- Lotto Soudal
- Mitchelton-Scott
- Movistar Team
- NTT Pro Cycling
- Ineos Grenadiers
- Jumbo-Visma
- Team Sunweb
- UAE Team Emirates
- Trek-Segafredo
ProTeams (3)- Arkéa-Samsic
- B&B Hotels-Vital Concept p/b KTM
- Total Direct Énergie
|
|
- ↑ (fr) Tour de France : Marc Hirschi (Sunweb) remporte le prix du Super Combatif, lequipe.fr, 19. September 2020.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 (fr) Tour de France 2020 : un jeune vainqueur, Tadej Pogacar, et de vieux doutes, lemonde.fr, 21. September 2020.
- ↑ (fr) Primoz Roglic : « On verra dans l'avenir si je peux encore gagner un Tour », lequipe.fr, 20. September 2020.
- ↑ "Le Tour de France 2020 reporté du 29 août au 20 septembre.", L'Équipe, 15. Abrëll 2020.