Schabloun:Op engem 4. September
Ausgesinn
- 1768: Gebuert vum franséische Schrëftsteller François-René de Chateaubriand.
- 1813: De lëtzebuergesche Jurist, Journalist, a Politiker Charles Munchen kënnt op d'Welt.
- 1824: Den éisträichesche Komponist Anton Bruckner gëtt gebuer.
- 1898: Doud vum lëtzebuergesche Mathematiker, Matgrënner an éischten Direkter vun der Spuerkeess, Nicolas Martha.
- 1906: Gebuert vum däitsch-US-amerikanesche Biophysiker a Genetiker Max Delbrück.
- 1907: Den norwegesche Komponist Edvard Grieg stierft.
- 1965: Doud vum elsässeschen Dokter, Missionär a Friddensnobelpräisdréier Albert Schweitzer.
- 1981: Déi US-amerikanesch Sängerin Beyoncé Knowles kënnt op d'Welt.