Saint-Malo
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Loftbild vu Saint-Malo | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Bretagne | ||||
Departement | Ille-et-Vilaine | ||||
Arrondissement | Saint-Malo | ||||
Kanton | Saint-Malo-1 Saint-Malo-2 | ||||
Postcode | 35400 | ||||
Gemengecode | 35288 | ||||
Koordinaten | 48° 38’ 53’’ N 02° 00’ 27’’ W | ||||
Fläch | 3 658 ha | ||||
Bevëlkerung | 46 005 (2016) |
Saint-Malo (op Bretonesch: Sant-Maloù) ass eng Stad vu 50.675 Awunner (1999) an der Bretagne, am Nordweste vu Frankräich. Si gehéiert zum Departement Ille-et-Vilaine an zur Regioun vun der Bretagne. Et ass eng Stad mat engem historesche Kär, deen nach ganz bannent den ale Festungsmauere läit.
Fir an déi al Stad ze komme brauch en nëmmen de Schëlter mat der Opzeechnung Intra Mures nozefueren.
Dat ass e vun e puer Grënn, firwat Saint-Malo zu enger vun de meeschtbesichten Touristestied a Frankräich gezielt gëtt. Saint-Malo läit op der Smaragdküst (Côte d'Émeraude) am Norde vun der Bretagne um rietsen Uwänner vun der Mëndung vun der Rance, géintiwwer vun der Stiedchen Dinard.
Saint-Malo gëtt op dräi Säite vum Mier ëmspullt. Et ass d'Haaptstad vum Arrondissement Saint-Malo.
Bei Saint-Malo läit um Laf vun der Rance de Barrage de la Rance, e bekannt Waasserkraaftwierk dat duerch de Wasserhéichtenënnerscheed tëscht Ebbe a Flut Stroum produzéiert. Et ass dat gréisst vun där Zort op der Welt.
-
D'Stadmauere vu Saint-Malo
-
Vue op d'Stadmauere vu Saint-Malo
-
Saint-Malo bei niddregem Mier.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Ille-et-Vilaine
- Arrondissementer am Departement Ille-et-Vilaine
- Kantonen am Departement Ille-et-Vilaine
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Ille-et-Vilaine
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Saint-Malo – Biller, Videoen oder Audiodateien |