NGC 4631
Date vum NGC 4631 | |
---|---|
Stärebild | Canes Venatici |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 12h 42m 08s |
Deklinatioun | +32° 32' 29" |
Ausgesinn | |
Typ | SB(s)d |
Visuell Magnitude (visuell) | +9,0 m |
Visuell Magnitude (B-Band) | +9,75 m |
Wénkelduerchmiesser | 15,2' × 2,8' |
Flächenhellegkeet | 12,9 mag/arcmin2 |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zu der | NGC 4631 Grupp (LGG 291) |
Distanz | zirka 25 Milliounen Liichtjoer |
Routverrécklung | +0,00202 ± 0,00001 |
Heliozentresch radial Relativvitess | +606 ± 3 km/s |
Absolut Hellegkeet | |
Absolutten Duerchmiesser | zirka 115'000 Liichtjoer |
Mass | |
Katalogbezeechnungen | |
NGC 4631, UGC 7865, PGC 42637, MCG +06-28-020, Teil von Arp 281, Holm 442A, IRAS 12396+3249, h 1397, GC 3165 |
Den NGC 4631, och Walgalaxie oder Hierkegalaxie genannt, ass eng Spiralgalaxie op enger Distanz vu ronn 25 Milliounen Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Si ass a Richtung Canes Venatici um nërdleche Stärenhimmel vun der Säit ze gesinn. D'Walgalaxie ass ongeféier sou grouss wéi eis Mëllechstrooss a gouf 1787 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Hir visuell Hellegkeet huet 9,0 mag, hir Wénkelausdeenung 15,2' × 2,8'. Déi kleng Nopeschgalaxie NGC 4627 mécht eng gewësse Verformung vun der Walgalaxie. Zudeem schéngt si an der Vergangenheet méi dacks an d'Géigend vun der Nopeschgalaxie NGC 4656 komm ze sinn, wourop haut nach Waasserstoff- an aner Gasreschter hiweisen déi tëscht deenen zwou Galaxië sinn.
Vu besonneschem Interessi ass den Halo aus waarmem Gas, deen d'Galaxie ëmmantelt a sech bis zu enger Distanz vu 25.000 Liichtjoer vum galaktesche Plang erstreckt. Vum Fuerschungssatellit Chandra goufen héichopgeléist Fotoe vun der Röntgenemissioun vum Halo gemaach. Et gëtt ugeholl, datt och eis Mëllechstrooss vun engem Halo ëmginn ass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: NGC 4631 – Biller, Videoen oder Audiodateien |