[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Mikrometeorit

Vu Wikipedia
Mikrometeorit aus dem antarktesche Schnéi

Mikrometeoritte sinn winzeg Meteoritte mat enger Gréisst vun e puer honnert Mikrometer bis zu e puer Millimeter. Mikrometeoritte stinn an enker Bezéiung zum interplanetaresche Stëbs.

Ronn 95 % vum interplanetare Material dat op d'Äerd fält besteet aus Mikrometeoritten. Mineralogesch a vun der cheemescher Zesummesetzung hier gläichen déi meescht Mikrometeoritten de kuelege Chondritten an nëmme verhältnesméisseg wéineg de gewéinleche Chondritten, obwuel bei de makroskopesche Meteoritten d'Zuel vun de gewéinleche Chondritte wäit iwwerweit. Et gëtt ugeholl, datt d'Mikrometeoritten d'Heefegkeete vun de verschiddenen Asteroidentyppen an der Asteroidenceinture besser representéiere wéi déi makroskopesch Meteoritten. Dobäi gëtt allerdéngs virausgesat, datt d'Mikrometeoritten haaptsächlech aus der Asteroidenceinture stamen. Dat ass awer net sécher. Eng Ofstamung vun de Mikrometeoritte vu Koméite gëtt och diskutéiert.

  • Eva Ahnert-Rohlfs: Vorläufige Mitteilung über Versuche zum Nachweis von Meteoritischem Staub. Mattdeelung vum Observatoire Sonneberg 45, 1954
  • Michel Maurette: Micrometeorites and the mysteries of our origins. Springer, Berlin 2006, ISBN 978-3-540-25816-2.
  • M.J. Genge, et al.: The classification of micrometeorites. Meteoritics & Planetary Science, Volume 43, Issue 3, S. 497-515, 2008, pdf

Portal Astronomie