Moku Manu
Ausgesinn
Moku Manu | |
---|---|
Geographie | |
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Läit an/am | Pazifeschen Ozean |
Koordinaten | 21°28'11"N, 157°43'13"W |
Fläch | 0,084 km² |
Längt | 0,410 km |
Breet | 0,210 km |
Verwaltung | |
Demographie | |
Awunner | 0 |
Aner Informatiounen | |
Moku Manu (engl.: Bird Island, däitsch: Vogelinsel) ass eng kleng, onbewunnt Insel am Archipel vun Hawaiʻi am Honolulu County. Se läit am Pazifeschen Ozean, just ongeféier 1,3 km² virun der Ostküst vun der Insel O'ahu, net wäit vun der Mokapu-Hallefinsel.
D'Insel ass ongeféier 410 m laang, 210 m breet an huet eng Fläch vun 8,4 ha.
Op Moku Manu bréien eelef verschidden Séivullenaarten. Dorënner sinn och eng Rëtsch zimmlech rarer, wéi beispillsweis de Chrëschtdags-Stuermdaucher (Puffinus nativitatis) oder de Bulwerstuermvull (Bulweria bulwerii). D'Insel ass – wéi och aner hawaiianesch Inselen – e Vulleschutzgebitt (Hawaii State Seabird Sanctuary), dat een net betrieden däerf.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Moku Manu – Biller, Videoen oder Audiodateien |