Längtemooss
Ënner enger Längtemooss oder méi genee enger Längtemoosseenheet versteet een eng Moosseenheet fir d'Längt. D'Längtemooss gëtt gebraucht fir d'Längt vun enger Streck oder Linn an enger Dimensioun, oder vun engem Ofstand (Distanz), ze moossen oder unzeginn.
Meter
[änneren | Quelltext änneren]D'international genormt Grondeenheet vun der Längt ass de Meter.
De Meter ass eng vum internationalen Eenheetesystem festgeluecht gesetzlech Moosseenheet an de meeschte Staaten an eng SI-Basiseenheet. En ass iwwer d'Liichtvitess definéiert a vun him si weider Eenheeten ofgeleet. Duerch d'Prefixe gëtt uginn, mat wat fir engem Facteur de Meter ze multipléizieren ass. D'SI-Prefixe fir méi wéi 10³ gi gewéinlech rar gebraucht.
Verglach
[änneren | Quelltext änneren]A munneche Fachgebidder a Kulturraim waren – a sinn zum Deel nach haut – weider Eenheeten am Gebrauch, beispillsweis:
Eenheet | Zeechen | Meter | Definitioun | Benotzungszäit | Gebrauchsberäich | |
---|---|---|---|---|---|---|
vu | bis | |||||
Parsec | pc | 30.856.776.000.000.000 | Distanz vun engem Stär, deen eng järlech Parallax vu genee enger Bousekonn opweist | haut | Astronomie | |
Liichtjoer light year |
Lj ly lyr |
zirka | 9.460.528.000.000.000De Wee deen d'Liicht am Vakuum an engem julianesche Joer zeréckleet | haut | Astronomie | |
Astronomesch Eenheet engl. Astronomical Unit |
AE AU |
149.597.870.691 | mëttels Distanz Äerd–Sonn | haut | ||
Rasta (Eenheet) | 4.900 |
4.8002/3 vun enger geographescher Meil | (germanesch Längtemooss) | |||
Leuge | zirka | 2.222antik gallo-réimesch Längtemooss | ||||
Séimeil oder nautesch Meil | sm | 1.852 | 1' Breetendifferenz | haut | Navigatioun | |
Statute Mile (terrestresch Meil) |
1.609,344 | haut | USA | |||
Meil engl. Mile |
mi | 11.299 |
1.482||||
Werst | 1.066,8 | Russland | ||||
Kilometer | km | 1.000 | 103 m | 1800 | haut | |
Stadion | zirka zirka 211 |
158,5600 Fuß | antikt Griicheland | |||
Hektometer | hm | 100 | 102 m | 1800 | haut | |
Sun | sun | 0,030 303 030 | 1/33 m | Japan | ||
Dekameter | dam | 10 | 101 m | 1800 | haut | |
Rute | R. | 4,2951 |
3,7663Preußen Sachsen landwirtschaftlech Längtmooss | |||
Klafter | zirka | 1,9ausgestreckte Männeräerm | ||||
Fuedem | zirka | 1,8|||||
Meter | m | 1 | iwwer Liichtvitess am Vakuum | 1800 | haut | |
Yard | yd | 0,9144 | 1 yard = 3 feet = 36 inches | haut | USA | |
Duebelschrëtt | 1,5 |
0,8|||||
Schrëtt | 0,75 |
0,71|||||
Grouss-Ell | zirka | 0,52|||||
Ell | zirka | 0,45 bis 1,713regional staark onbestänneg | ||||
Span | zirka | 0,23hallef Ell | ||||
Fouss engl. foot, feet |
ft | 0,3048 | 1 ft = 12 in | Zanter 1980 global Héichtemooss an der Aviatioun (entgéint der SI-Konventioun) fréier um Fouss vum jeeweilege Kinnek gemooss | ||
Dezimeter | dm | 0,1 | 10−1 m | 1800 | haut | |
Handbreet | zirka | 0,081/3 Span | ||||
Zoll (engl. inch) |
in " |
0,0254 | haut | USA | ||
Fangerbreet | zirka | 0,021/4 Handbreet | ||||
Deelungseenheet | TE | 0,00508 |
0,018Schaltschafbau Elektronikbaugruppen | |||
Zentimeter | cm | 0,01 | 10−2 m | 1800 | haut | |
Stéch | 0,006 666 666 6 | 2/3 cm | Schongbranche, hep franséische Stéch | |||
Linn Paräisser Linn |
''' | 0,002 255 8 | 1/144 vum Paräisser Fouss (32,47 cm) | haut an der Auerentechnik a fir d'Deelung vu Libellen | ||
Millimeter | mm | 0,001 | 10−3 m | 1800 | haut | |
Punkt | P p pt |
0,000 376 065 0,000 352 778 |
0,000 3751/72 in |
Dréckerei | ||
Charrière French |
CH FR |
0,000 333 333 3 | 1/3 mm | Medizintechnik | ||
milli-inch | mil | 0,000 025 4 | 1000 mil = 1 in | Elektronik, Verwiesselungsgefor mat Mil | ||
Mikrometer | µm | 0,000 001 | 10−6 m | 1800 | haut | |
Nanometer | nm | 0,000 000 001 | 10−9 m | 1800 | haut | |
Ångström | Å | 0,000 000 000 1 | 10−10 m | 1965 | Angab vum Atomradius | |
X-Eenheet | zirka | 0,000 000 000 000 110−13 m | 1925 | 1965 | Röntgen | |
Planck-Längt | 1,616252 10−35 | Grenz vun der widersprochsfräi Brauchbarkeet vun de bekannte Physik-Gesetzer | 1930 | haut | Stringtheorien, Schläifequantegravitatioun |
Legende: SI-Einheiten
Eenheeten déi um Inch (") baséieren, wéi Fouss (ft), Yard asw. (Angloamerikanescht Moosssystem), déi an der Bezéiung zum Meter genormt sinn, gi weider am deegleche Liewen an den USA souwéi generell an der Elektronik gebraucht. D'Wëssenschaft ass schonn längst zum Metreschen Eenheetesystem iwwergangen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Geschicht vu Moossen a Gewiichter
- Al Moossen a Gewiichter
- Metrificatioun
- Meterkonventioun
- Distanzmiessung
- Gréisstenuerdnung (Längt) – Iwwersiicht iwwer Objete verschiddener Ofmiessunge
- Physikalesch Gréisste an hir Eenheete: Flächemooss, Raummooss
- Liichtvitess, Äerdmiessung
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Längtemoossen – Biller, Videoen oder Audiodateien |