Heinrich III. (HRR)
Ausgesinn
Heinrich III. | |
---|---|
Titelen | |
Herzog vu Bayern (fir d'zweet) | |
Biographie | |
Gebuer |
28. Oktober 1016 jul. Bayern |
Gestuerwen |
5. Oktober 1056 Bodfeld |
Bestuet mat |
Gunhild vun Dänemark, Agnes vu Poitiers |
Papp | Konrad II. |
Mamm | Gisela vu Schwoben |
Geschwëster | Matill vu Franken, Ernest II., Liudolf, Hermann IV. |
Kanner | Beatrix I., Adelheid II., Heinrich IV., Konrad II., Judith vun Ungarn, Matill vu Schwoben |
Den Heinrich III., gebuer den 28. Oktober 1016 oder 1017, a gestuerwen de 5. Oktober 1056 zu Bodfeld, am Harz, aus der Famill vun de Salier, war vun 1039 bis zu sengem Doud 1056 Kinnek an zanter 1046 Keeser vum réimesch-däitsche Räich.
Hie gouf schonn als Kand vu sengem Papp Konrad II. 1028 zum Matkinnek ernannt a krut d'Herzogtümer Bayern a Schwoben. Wéi hien nom Doud vu sengem Papp Kinnek gouf, huet hien deem seng Politik virugefouert. Wärend dem Heinrich senger Régence gouf de Speyerer Doum zum deemools gréisste Sakralbau vum westleche Chrëschtentum ausgebaut. Am Dezember 1046 huet hien op der Synod vu Sutri de Poopstschisma op en Enn bruecht a gouf duerno vum Poopst Clemens II. op Chrëschtdag zum réimesche Keeser gekréint.
Kanner
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
De Kinnek Heinrich 1040 bei der Wei vun der Kierch vun der Abtei Stavelot. Perikopebuch vum Heinrich III., Iechternach, Mëtt 11. Jh.
-
Den Heinrich III. gëtt der Muttergottes, der Patréinesch vum Speyerer Doum, als Don de Codex Aureus), en Evangeliar.
-
De Jesus Christus seent den Heinrich III. a seng Fra Agnes. Codex Caesareus Upsaliensis, gemoolt 1051-56 am Klouschter Iechternach.