Koronale Massenausworf
E koronale Massenausworf (CME), englesch Coronal Mass Ejection, ass eng Sonneneruptioun, bei där Plasma ausgestouss gëtt. Wann d'Auswierkungen op enger grousser Distanz vun der Sonn ënnersicht ginn, da schwätzt een och vun interplanetareschem koronale Massenausworf (engl. ICME).
D'Austrëttsplaze si meeschtens Sonneflecken, deenen hir Eruptiounen och als Flares (englesch: flare = hellt Liicht dat flackert) bezeechent gëtt. D'Plasma dat ausgestouss gëtt, besteet haaptsächlech aus Elektronen, Protonen an zu klengen Deeler aus Kären vu schwéier Elementer wéi Helium, Sauerstoff an Eisen. Warscheinlech verursaache Rekonnexioune vun de Magnéitfeldlinnen d'Eruptiounen.
D'Heefegkeet vu koronale Massenauswërf ass enk mat der Sonnenaktivitéit gekoppelt. Am Sonnefleckeminimum si se vill méi rar wéi am Sonnefleckemaximum an déi duerchschnëttlech Heefegkeet variéiert tëscht 0,5 a 6 Evenementer pro Dag.[1] D'Verdeelung vun der Intensitéit follegt engem Skalegesetz.
Afloss op d'Äerd
[änneren | Quelltext änneren]Déi puer Auswërf, déi tatsächlech an Direktioun d'Äerd zéien (vun der Sonn aus gekuckt huet d'Äerd e Wénkelduerchmiesser vun nëmme 17,6 ", ongeféier wéi e Nolekapp aus 10 Meter Distanz), ginn als geoeffektiv bezeechent a beaflossen d'Magnetosphär an d'Ionosphär vun der Äerd. D'Magnetosphär gëtt op der Dag-Säit zesummegedréckt, an op der Nuecht-Säit verlängert sech de Schwäif. Dobäi gi grouss Quantitéiten Energie fräigesat, wat ë. a. zu opfällege Polarliichter féiert. D'Massenauswërf kënne Schied u Satellitte verursaachen an duerch déi vergréissert Elektronendicht an der Ionosphär Radiosiwwerdrounge stéieren.[2]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Magnéitesche Stuerm.
Am August 2011 konnt mam STEREO-A fir d'éischt dat direkt Optreffe vun enger Plasmawollek op d'Äerd observéiert ginn.[3] Mam Fuerschungssatellit TIMED goufen 2012 weider Erkenntnesser gewonnen.[4]
-
Koronale Massenausworf mat Flare
-
"Flamment Plasma"
-
De koronale Massenausworf vum 31. August 2012
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- H. Kunow: Coronal mass ejections. Springer, Berlin 2006, ISBN 978-0-387-45086-5
- Kenneth Dere: Coronal and stellar mass ejections. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2005, ISBN 0-521-85197-1
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Koronale Massenausworf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Sonnen-Sturm.info – Informatiounen an Noriichten iwwer aktuell Sonnestierm a koronal Massenauswërf
- The Solar Mass Ejection Imager
- Nasa Images
- FLARES & CMEs SOHO-Gallery
- S1-Sonnestuerm vum 7. Juni 2011 (Video)
- CME Arrival Time Prediction @ iNTEGRATED SPACE WEATHER ANALYSIS SYSTEM, gsfc.nasa.gov, gekuckt den 22. Januar 2012
- WSA-Enlil Solar Wind Prediction - CME based noaa.gov, gekuckt den 22. Januar 2012
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Nat Gopalswamy, Alejandro Lama, Seiji Yashiro, Steven Nunes, and Russell A. Howard: Coronal Mass Ejection Activity during Solar Cycle 23 (PDF)
- ↑ Tabula rasa im All spiegel.de, ofgeruff den 22. Januar 2012
- ↑ Spacecraft Sees Solar Storm Engulf Earth science.nasa.gov, ofgeruff den 20. August 2011
- ↑ Solar Storm Dumps Gigawatts into Earth's Upper Atmosphere science.nasa.gov, ofgeruff den 23. Mäerz 2012