Exosphär
D'Exosphär (vum griichesch έξο éxo‚ baussen, baussenzeg‘ an σφαίρα sphaĩra ‚Kugel‘) ass baussenzeg Schicht vun der Äerdatmosphär. Si markéiert de fléissenden Iwwergank an den interplanetaresche Raum, ass awer no der Definitioun vun der NASA an der Fédération Aéronautique Internationale schonn en Deel dovun.
D'Exosphär schléisst un d'Thermosphär un a fänkt (no ënnerschiddleche Quellen) ongeféier an enger Héicht tëscht 400 km an 1000 km un. Hir baussenzeg Grenz gëtt mat ronn 10.000 km uginn. Allerdéngs ass d'Grenz net genee definéiert, well d'Gasdicht stänneg ofhëlt an theoreetesch ni de Wäert null erreecht.
Charakteristik
[änneren | Quelltext änneren]D'Exosphär ass en Deel vun der Heterosphär, dat heescht vun deem Atmosphäreberäich vun ongeféier 120 km Héicht un, an deem sech d'Gasen a Funktioun vun hiren Atommassen entmëschen a schichten. Vun enger Héicht vun 1000 km un, kënnt nëmme méi Waasserstoff als de liichtste Gas vir, dee Beräich gëtt Geokorona genannt.[1]
All Deelercher an der Exosphär si gréisstendeels ioniséiert.
D'Exosphär ass déi eenzeg Atmosphäreschicht, aus där Gasmoleküllen duerch hir eege Vitess d'Gravitatiounsfeld vun der Äerd verloosse kënnen, well sou wéineg Deelercher disponibel sinn, datt hir Bremswierkung vernoléissegt ka ginn. D'Exosphär gëtt dofir och als Dissipatiounssphär bezeechent.
Déi héich Temperatur an der Exosphär vun iwwer 1000 °C, resultéiert aus der Vitess vun den Deelercher (séier Deelercher entspriechen héijen Temperaturen). E gewéinlechen Thermometer géif allerdéngs Temperaturen no beim absolutten Nullpunkt uweisen, well d'Gasdicht an där Héicht vill ze kleng ass, fir e miessbare Wäermttransport ze bewierken.
Exosphär bei aneren Himmelskierper
[änneren | Quelltext änneren]Och aner Planéiten oder Mounden hunn eng Exosphär, sou zum Beispill de Planéit Merkur, an och eisen Äerdmound.