[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Delfi-C3

Vu Wikipedia
Delfi-C3 / OSCAR 64
Den Amateurfunksatellit Delfi-C3
Typ Amateurfunksatellit
Land Holland
Agentur Technesch Universitéit Delft
COSPAR-Bezeechnung 2008-021G
Apogeum 615 km
Perigeum 595 km
Bunnschréi 97,8°
Mass 6,5 kg
Bunn-Ëmlafzäit 96,7 min
Exzentrizitéit
Start 28. Abrëll 2008, 03:53 UTC
Startplaz Satish Dhawan Space Centre
Drorakéit PSLV-CA C-9
Status am Orbit

Den Delfi-C3 (oder OSCAR 64, DO-64) ass en hollänneschen Technologieerprouwungs- an Amateurfunksatellit.

Opbau a Missioun

[änneren | Quelltext änneren]

Den Delfi-C3 gouf vun der Technescher Universitéit Delft entwéckelt a gebaut. Et ass e Nanosatellit a gouf no der CubeSat-Architektur gebaut. Hie besteet aus dräi Cubesateenheeten (3U). Der Satellit déngt der Ausbildung vu Studenten, der Weltraumerprouwung vun Dënnschicht-Solarzellen an der Betribunhuelung vun engem 40 kHz breeden Lineartransponder fir Zweeweeverbindunge vu Funkamateuren.

Hie gouf den 28. Abrëll 2008 mat enger indescher PSLV-Rakéit C9 zesumme mat der Haaptnotzlaascht Cartosat-2A an de Satellitten CanX 2, CUTE-1.7 + APD II, AAU-CubeSat 2, COMPASS-1, SEEDS 2 a Rubin 8 vum Satish Dhawan Space Centre aus an e Low Earth Orbit gestart. Nom Start gouf de Satellit och als OSCAR 64 bekannt.

Seng COSPAR-Bezeechnung ass 2008-021G.

Portal Astronomie