[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Gare Tréier

Vu Wikipedia
D'Gare zu Tréier vu vir gesinn

D'Gare Tréier ass eng Gare um Territoire vun der Stad Tréier.

Si ass 1878 opgaangen a louch un der deemools sougenannter Kanonenbahn, déi vu Berlin iwwer Tréier a Perl op Metz goung.

Si läit op den DB-Verbindungen Köln-Tréier, Koblenz-Tréier, Saarbrécken-Tréier, Perl-Tréier a Lëtzebuerg-Tréier via d'Streck Tréier-Diddenuewen an d'Tréierer Weststreck.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

2005 gouf d'Gare vu Grond op moderniséiert fir dem Standard vun ICE Garen z'entspriechen.[1]

  • D'Quaie goufe mat Placken ekipéiert, déi blanne Leit hëllefe sech z'orientéieren a verhënnere sollen, datt se op d'Schinne falen.
  • Am Gebai selwer gouf e Restaurationsbetrib installéiert an den Zeitungsbuttek gouf vergréissert.
  • Et goufen nei Liften installéiert, déi direkt um Quai erauskommen.
  • An de leschte Joren ass och un enger Opwäertung vum Quartier ëm d'Gare geschafft ginn.

Zich, déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Tréier Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Waasserbëlleg   Regionalexpress   Wittlich Koblenz
Koblenz Wittlich   Mosel-Saar-Express   Saarlouis Saarbrécken
Terminus Terminus   Mosel-Pfalz-Express   Saarlouis Mannheim
Terminus Terminus   Saartal-Express   Merzig Saarbrécken
Köln Bitburg   Eifel-Mosel-Express   Terminus Terminus
Terminus Terminus   Saartal-Bahn   Konz Homburg
Terminus Terminus   Moseltal-Bahn   Cochem Koblenz
Wittlich Wittlich   Elbling-Express   Konz Perl
Gerolstein Bitburg   Eifel-Bahn   Terminus Terminus

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Gare op der Säit vun der Stad Tréier