Breetekrees
Breetekreesser sinn déi Kreesser déi op der (idealiséierter) Äerduewerfläch mat konstanter geographescher Breet β, parallel zu der Equatorfläch an Ost-West-Richtung verlafen. E Synonym fir de „Breetekrees“ ass déi an der Navigatiounsléier zäitgeméiss Bezeechnung „Breeteparallel“.
Wärend Längekreesser déi vertikal op d'Breedekreesser stoussen, alleguer Grousskreesser sinn, sinn d'Breetekreesser am Allgemenge Klengkreesser – bis op den Equator, deen als den Null-Breetegrad d'Äerd an eng nërdlech an eng südlech Hemisphär deelt. Weider besonnesch Breetekreesser sinn d'Wendekreesser an d'Polarkreesser, déi hir Bedeitung fir de Sonnestand am Verlaf vun de Joreszäiten duerch d'Schréi vun der Ekliptik kréien. D'Definitioun vun de Klimazone bezitt sech och op bestëmmt Breetekreesser.
Den Ofstand tëscht zwéi Breetekreesser mat engem Breetenënnerscheed vun engem Grad huet an der Moyenne ronn 111 km, ass awer wéinst der Äerdofplattung an der Equatorgéigend méi kleng wéi an héijen nërdlechen a südleche Breeten. Een änleche Feeler hätt d'Berechnung vun der Breetekreeslängt als 2πR•cos β mat konstantem Äerdradius R.
Breetekreesser als Grenzen
[änneren | Quelltext änneren]Breetekreesser ginn dacks als Grenz tëscht Länner oder Regioune benotzt, virun allem an Nordamerika.
- 49 Grad Nord: Deel vun der Grenz tëscht den USA (S) a Kanada (N)
- 45 Grad Nord: Grenz tëscht Vermont (S) a Kanada (N), Grenz tëscht Wyoming (S) a Montana (N)
- 42 Grad Nord: Grenz tëscht Kalifornien (S) an Oregon (N), Deel vun der Grenz tëscht Pennsylvania (S) a New York (N)
- 41 Grad Nord: Deel vun der Grenz tëscht Colorado, Utah (S), Wyoming a Nebraska (N)
- 40 Grad Nord: Grenze tëscht Nebraska (N) a Kansas (S)
- 38 Grad Nord: Grenz tëscht Nord- a Südkorea am Joer 1945
- 37 Grad Nord: Grenz tëscht Utah, Colorado a Kansas (N) souwéi Arizona, New Mexico an Oklahoma (S)
- 36 Grad 30' Nord: Grenz tëscht de Sklavestaaten am Süden an de Staate mat Sklavereiverbuet am Norde vun den USA
- 35 Grad Nord: Grenz tëscht Tennessee (N) souwéi Mississippi, Alabama a Georgia (S)
- 32 Grad Nord: Deel vun der Grenz tëscht New Mexico (N) an Texas (S)
- 26 Grad Süd: Deel vun der Grenz tëscht South Australia (S) souwéi Northern Territory a Queensland (N)