[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Black Dju

Vu Wikipedia
Black Dju
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Portugal
Produktiounsjoer 1996
Première 1997
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Franséisch
Portugisesch
Ekipp
Regie Pol Cruchten
Dréibuch Pol Cruchten
Frank Feitler
Fotografie Daniel Barrau
Musek André Mergenthaler
Manu Dibango
Produzent Samsa Film
Saga Film
Vermedia
RTBF
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
Richard Courcet als Dju
Philippe Léotard als Inspekter Pletschette
Patrice-Flora Paxo
François Morel
François Hadji-Lazaro
Myriam Mézières
Césaria Evora
Steve Karier
Serge Wolff
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Black Dju ass e lëtzebuergesch-portugisesch-belsche Film vum Pol Cruchten aus dem Joer 1996.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

Den Dju, e Capverdianer, kënnt op Lëtzebuerg fir no sengem Papp ze sichen, deen dohin emigréiert war. E mécht Bekanntschaft mam Inspekter Pletschette, engem desillusionéierten an alkoholkranke Polizist. Zesumme maache se sech op d'Sich...

De Lëtzebuerger Filmfong huet Samsa Film fir d'Produktioun vum Film 1992 mat engem Subside an Héicht vun 20 Millioune Lëtzebuerger Frang ënnerstëtzt.[1] Schonn 1990 hat Phenix Productions eng "Aide à l'écriture vun 800.000 Frang vum Filmfong kritt.[2] Donieft krut Samsa Film 1993 och nach eng finanziell Ënnerstëtzung vun 1,9 Millioune franséische Frang aus dem europäesche Fong Eurimages.[3]

1996 schliisslech huet de Filmfong nach eng "Aide à la distribution" vun 2,5 Millioune Lëtzebuerger Frang accordéiert.[4]

Black Dju gouf um ënner anerem zu Chicago an zu Addis Abeba gewisen.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1991, Mäerz 1993, Säit 60
  2. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 1990, Säit 68
  3. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1993, Mäerz 1994, Säit 73
  4. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1996, Mäerz 1997, Säit 115
  5. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 140