Bella Darvi
Ausgesinn
Bella Darvi | |
---|---|
Gebuer | 23. Oktober 1928 |
Gestuerwen |
11. September 1971 Monte-Carlo |
Doudesursaach | Erstécken |
Nationalitéit | Polen, Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller |
D'Bella Darvi, gebuer als Bajla Węgier den 23. Oktober 1928 zu Sosnowiec a Polen a gestuerwen den 10. September 1971 zu Monte Carlo, war eng polnesch Schauspillerin.
Zu Hollywood war d'Bella Darvi an dräi Filmer vun de Regisseure Samuel Fuller, Michael Curtiz an Henry Hathaway ze gesinn. Duerno huet si nach a franséischen an italieenesche Kaméidisfilmer a Kriminalfilmer matgespillt. Si war am Fong méi bekannt duerch hir Skandaler wéi duerch hir Filmer. Am Alter vun nëmmen 43 Joer huet si sech d'Liewe geholl.
Si gouf um Kierfecht vu Bagneux begruewen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1954: Hell and High Water - Regie: Samuel Fuller - Haaptacteuren: Richard Widmark, Victor Francen
- 1954: The Egyptian - Regie: Michael Curtiz - Haaptacteuren: Jean Simmons, Victor Mature, Gene Tierney
- 1954: The Racers - Regie: Henry Hathaway -Haaptacteuren: Kirk Douglas, Gilbert Roland, Cesar Romero, Lee J. Cobb
- 1955: Je suis un sentimental - Regie: John Berry - Haaptacteuren: Eddie Constantine, Olivier Hussenot
- 1956: Je reviendrai à Kandara - Regie: Victor Vicas - Haaptacteuren: François Périer, Daniel Gélin
- 1958: Rafles sur la ville - Regie: Pierre Chenal - Haaptacteuren: Charles Vanel, Danik Patisson, Michel Piccoli
- 1958: Le gorille vous salue bien - Regie: Bernard Borderie - Haaptacteuren: Lino Ventura, Charles Vanel
- 1958: Pia de' Tolomei - Regie: Sergio Grieco -Haaptacteuren: Jacques Sernas, Ilaria Occhini, Arnoldo Foà
- 1959: La donna di Ghiaccio d'Antonio Racioppi - Haaptacteuren: Renato Baldini, Aldo Bufi Landi
- 1959: Énigme aux Folies Bergère - Regie: Jean Mitry - Haaptacteuren: Frank Villard, Dora Doll
- 1959: Le pain des Jules - Regie: Jacques Séverac -Haaptacteuren: Christian Méry, Henri Vilbert
- 1959: Il rossetto - Regie: Damiano Damiani -Haaptacteuren: Pierre Brice, Giorgia Moll, Pietro Germi
- 1961: L'urlo dei bolidi - Regie: Léo Guarrasi - Haaptacteuren: Franco Silva
- 1969: Le bourgeois gentil mec - Regie: Raoul André -Haaptacteuren: Jean Lefebvre, Annie Cordy, Francis Blanche, Darry Cowl
- 1971: Les petites filles modèles - Regie: Jean-Claude Roy - Haaptacteuren: Marie-Georges Pascal, Michèle Girardon