Abtei
Eng Abtei ass e chrëschtlecht Klouschter – also Gebaier, an deenen d'Membere vun engem reliéisen Uerde liewen – dat vun engem Abt oder enger Äbtissin geleet gëtt. Nëmmen e puer Uerde kënnen Abteien hunn: Benediktiner, Zisterzienser an Trappisten, Regularkanoniker (Premonstratenser, Chanoines Augustins); bei all deenen aneren Uerden (z. B. Franziskaner) schwätzt ee just vu Kléischter. E Klouschter vun de genannten Uerde gëtt Abtei duerch d'Awëllegung vum Poopst, wa verschidde Konditiounen erfëllt sinn (der Reegel vum Hl. Benedikt no mussen z. B. 13 Persounen do liewen).
Wat d'Architektur vun enger Abtei ugeet, solle (wa méiglech) verschidden Oploe respektéiert ginn. Sou sollen déi wichtegst Raimlechkeeten (d. h. d'Kierch, de Kapitelsall an de Refectoire) vum Kräizgank aus erreechbar sinn. Déi Plazen, wou eventuell méi Kaméidi ass, wéi Atelieren oder Ställ (um Schema "Wirtschaftsgebaier"), sollen e bëssi méi wäit ewech sinn. D'Gebaier ronderëm de Kräizgank (ausser der Kierch) hu méi Stäck, do sinn dann ë. a. d'Bibliothéik an d'Zellen (Zëmmeren) vun de Bewunner.
Vill Kléischter (ouni Abtei ze sinn oder kënnen ze ginn) goufen nom selwechte Bauschema gebaut.
Eng Abtei zu Lëtzebuerg ass zum Beispill d'Benediktinerabtei Klierf. Zu de fréieren Abteien zielen ënner anerem d'Abtei Iechternach, d'Abtei Almënster an d'Abtei Neimënster.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Georg Schwaiger (Hrsg.), Mönchtum, Orden, Klöster - Von den Anfängen bis zur Gegenwart - Ein Lexikon ; München (Verlag C.H. Beck; becksche Reihe 1554), 2003 (éischt Oplo, a gebonnener Form = 1993); 484 Säiten; ISBN 3-406-49483-8
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Abteien – Biller, Videoen oder Audiodateien |