Coolio
Ausgesinn
Coolio | |
---|---|
Gebuertsnumm | Artis Leon Ivey Jr. |
Gebuer | 1. August 1963 |
Gestuerwen |
28. September 2022 Los Angeles |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Rapper, Lidderschreiwer, Museksproduzent, Schauspiller, Chefkach |
De Coolio, gebuer den 1. August 1963 als Artis Leon Ivey Jr. zu Monessen, am Pennsylvania, a gestuerwen den 28. September 2022 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Rapper a Schauspiller.
Hien hat seng gréisst Succèsen an den 1990er Joren, virun allem mam Stéck Gangsta’s Paradise (1995) a mat dem Album mam selwechten Numm, an deem en d'Musek vum Stevie Wonder sengem Lidd Pastime Paradise gesamplet hat. 1996 huet hien e Grammy fir dëst Lidd gewonnen.
Säi Stéck I Remember aus dem Album It Takes a Thief (1993) gouf spéiderhi fir de Soundtrack vun der Dessin animé-Serie Beavis and Butt-Head geholl.
Als Schauspiller war de Coolio ë. a. an e puer Televisiounsserien an e puer B-Filmer ze gesinn.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1997: Batman & Robin
- 1999: Judgement Day
- 2000: The Convent
- 2000: Shriek If You Know What I Did Last Friday the Thirteenth
- 2001: Gangland
- 2001: Get Over It
- 2002: Storm Watch
- 2003: Daredevil
- 2003: Red Water
- 2004: Dracula 3000
- 2004: A Wonderful Night in Split
- 2005: Pterodactyl