[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

46P/Wirtanen

Vu Wikipedia
46P/Wirtanen
Falschfaarwe-Foto vum Kär vum 46P/Wirtanen (klenge grénge Punkt an der Bildmëtt); Foto vum VLT (ESO)
Orbittyp kuerzperiodesch
Grouss Hallefachs 3,094
Perihel 1,059 AE
Aphel 5,130 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.658
Perihelduerchgank 2. Februar 2008
Ëmlafdauer 5 a 161 d
Ëmlafvitess
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser 1,2 km
Entdecker C. A. Wirtanen
Entdeckungsdatum 17. Januar 1948
Aner Bezeechnungen 1961 IV; 1960m;
1967 XIV; 1967k;
1974 XI; 1974i;
1986 VI; 1985q;
1991 XVI; 1991s;
46P/1948 A1;
1947 XIII; 1948b;
46P/1954 R2;
1954 XI;
1954j

De 46P/Wirtanen ass e kuerzperiodesche Koméit mat enger Ëmlafzäit vu 5,4 Joer ëm eis Sonn. Hie war am Ufank d'Zil vun der Raumsond Rosetta vun der ESA. Hie gehéiert zu de Koméite vun der Jupiterfamill, déi sech all duerch en Aphel vu 5 bis 6 AE auszeechnen. Säin Duerchmiesser gëtt op ronn 1,2 km geschat.

De 46P/Wirtanen gouf op enger Foto vum 17. Januar 1948 vum US-amerikaneschen Astronom C. A. Wirtanen entdeckt. D'Fotoplack war de 15. Januar opgeholl ginn. Et hat iwwer ee Joer gedauert, bis den Objet als kuerzperiodesche Koméit identifizéiert gouf.

Portal Astronomie