Pistoul
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Pistoul ass eng Handfeierwaff, déi e Schlass huet an déi mat enger Hänn geschoss ka ginn.
Déi éischte Pistoule sinn an der éischter Halschent vum 16. Joerhonnert opkomm a waren nach eeschësseg.
Enn vum 19. Joerhonnert koumen déi éischt hallefautmatesch Pistoulen op, déi an engem Chargeur 7 bis 18 Patrounen hunn a sech duerch d'Kraaft vum Réckstouss nees selwer eng Patroun aus dem Chargeur an d'Kummer huelen.
Streng geholl sinn no der genereller Definitioun och Revolver Pistoulen. Mee am heitege Sproochgebrauch gëtt dee Begrëff praktesch ausschliisslech fir déi uewe beschriwwen eeschësseg an hallefautomatesch Pistoule gebraucht.