Labyrinth
E Labberänt ass e System vu Weeër, deen esou ugeluecht ass, datt dës anenee verwuerelt sinn. Et ginn zwou Zorte Labberänten, déi, wou et just ee Wee eran an eraus gëtt, an déi, wou et Ofzweigungen a Sakgaasse ginn, sou datt een dee richtege Wee siche muss. Am lescht Fall schwätzt een och vun engem Irgaart.
D'Wuert Labberänt kënnt vum griichesche λαβύρινθος a vum Laténgesche labyrinthus. D'genee Bedeitung ass net kloer, mee et bezitt sech op de mythologesche Galeriësystem vum Daidalos, deen doranner de Minotauros agespaart hat. Mee schonn aus der Steenzäit sinn Zeechnunge vu Labyrinther erhalen, an et ginn der a ville Kulturen an Zivilisatiounen.
Si hate meeschtens eng mystesch oder reliéis Symbolik. Am Chrëschtentum, dat se iwwerholl huet, fënnt een se z.B. a Kathedralen um Buedem. Eréischt an der Neizäit goufen d'Labyrinter ugeluecht, fir Spaass dran ze hunn, z.B. an de Gäert, wou se ë. a. mat Hecke gebaut goufen.
Neiderdéngs si Labberänte populär, déi a Plantatioune vu Planzen déi héich wuessen, wéi z.B. Mais, ugeluecht sinn.
Commons: Labyrinths – Biller, Videoen oder Audiodateien |