[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Messier 88

Vu Wikipedia
Versioun vum 15:34, 28. Sep. 2011 vum SITCK (Diskussioun | Kontributiounen) (nei).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Date vum Messier 88
2MASS-Foto vum Messier 88
Stärebild Coma Berenices Com
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 11 h 11m31.29s 12h 30m 49.4s
Deklinatioun +/12° 23' 28.0"
Erschäinungsbild
Hubble-Sequenz SA(rs)b;HII Sy2
Visuell Magnitude +9,4 m
Schäinbaren Duerchmiesser
Flächenhellegkeet 12,8
Physikalesch Daten
Gehéiert zum Virgo-Galaxiekoup
Distanz 47 Mio. Lj
Routverrécklung 7609+10x10-6
Radialvitesse (+2281 ± 3) km/s
Geschicht
Entdecker Charles Messier
Entdeckungsdag 18. Mäerz 1781
Katalogbezeechnungen
Messier 88, NGC  4501, UGC  7675, PGC  41517, MCG  +3-32-59, ZwG  267.48, ZwG  99,76, GC  3049, VCC; 1401

De Messier 88 (och als NGC 4501 bezeechent) ass eng +9,6 mag hell Spiralgalaxis mat enger Flächegréisst vun 6,9' × 3,7' am Stärebild Coma Berenices. An der Hubble-Sequenz gëtt des Galaxis dem Typ Sbc zougeschriwwen. Si gouf den 18. Mäerz 1781 vum Charles Messier zesummen mat siwen aneren Galaxien vum Virgo-Galaxiekoup entdeckt. De galaktesche Plang vum M88 ass ëm ronn 30 Grad géint d’Siichtlinm gebéit, wouduerch si eng gewësse Ähnlechkeet mat dem Andromedaniwwel huet, deen och vum Typ Sb ass.

Wéi vill Spiralgalaxien vum Virgokoup, huet den M88 eng héich Pekuliarvitesse, d.h. hie beweegt sech mat grousser Vitess relativ zum Schwéierpunkt vum Koup. D’Routverrécklung liwwert eng Radialvitesse vu ronn 2.000 km/s, sou datt d’Galaxis sech mat ronn 700 km/s vum Koupzentrum ewech beweegt.

Den 28. Mee 1999 ass d’Supernova 1999cl vum Typ Ia am M88 opgetaucht. Bei hirer Entdeckung Dag duerno hat d’Supernova eng Visuell Magnitude vun 16,4 mag an erreecht hire Maximum den 12. Juni mat enger Hellegkeet vun 13,4 mag. Well Typ I Supernovae zu de beschte Standardkäerze vun der Kosmologie gehéieren, war dëst Phenomen vu groussem Interessi hisiichtlech der Distanzbestëmmung fir de Virgokoup.

Um Spaweck

Commons: Messier 88 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

Portal Astronomie