[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Messier 79

Vu Wikipedia
Versioun vum 12:24, 13. Nov. 2011 vum Luckas-bot (Diskussioun | Kontributiounen) (r2.7.1) (Bot Derbäi setzen: sv:M79).
Kugelstärekoup Messier 79
Atlas Image courtesy of 2MASS/UMass/IPAC-Caltech/NASA/NSF

De Messier 79 (oder NGC 1904 bezeechent) ass e +8,40 mag helle Kugelstärekoup mat enger Flächenausdeenung vu 7,8' x 7,8' am Stärebild Lepus.

Dëse Kugelstärekoup läit net wéi déi meescht, a Richtung Zentrum vun der Mëllechstrooss, mee a bal entgéintgesater Richtung! Et gëtt ugeholl, datt dëst Objet e neien Awanderer vun eisem Mëllechstroossensystem kënnt sinn. De Messier 79, sou gëtt ugeholl, kéint e Kugelstärekoup vun där am Joer 2003 entdeckte Canis-Major-Zwerggalaxis sinn; déi nächst Nopeschgalaxis vun der Mëllechstrooss. Dësen Trabant vun der Mëllechstrooss huet sech duerch déi staark Gezäitekräfte schonns gréisstendeels opgeléist a gouf dofir fréier als Deel vun der Mëllechstrooss ugesinn.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Messier 79 – Biller, Videoen oder Audiodateien