Jean-Pierre Toutsch
De Jean-Pierre Toutsch, gebuer den 28. Januar 1811 zu Wäiswampech[1] a gestuerwen den 30. Juni 1887 an der Stad Lëtzebuerg am Alter vu 76 Joer, war e lëtzebuergesche Magistrat a Politiker.[2]
Den 19. Februar 1840 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Riichter vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg.[3]
De 24. Juli 1848 ass hie Riichter um Bezierksgeriicht zu Dikrech genannt ginn.[4]
De 17. November 1858 gouf de Jean-Pierre Toutsch a senger Qualitéit als Deputéierte vum Kanton Klierf fir d'Sëtzungsjoer 1858 President vun der 'Assemblée des Etats'.[5]
Den 22. Juli 1885 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg[6] an hien ass dat bis zu sengem Doud bliwwen.[7]
Gielchen
- Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1879)[8]
Referenzen
- ↑ Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. P. Faber, Grevenmacher, S. 91.
- ↑ Ukënnegung vum Doud vum Jean-Pierre Toutsch am Luxemburger Wort vum 2. Juli 1887
- ↑ Memorial N°11 vun 1840
- ↑ Memorial N°58 vun 1848
- ↑ Memorial N°29 vun 1858
- ↑ Memorial N°46 vun 1885
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ Memorial N°66 vun 1879