Visé
Visé (op Wallounesch.: Vizé; op Hollännesch: Wezet) ass eng Stad an der Belsch, déi a Wallounien, an der Provënz Léck, op der Meuse an um Albertkanal läit.
Visé | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Awunner | 17.767 (1. Januar 2018) |
Fläch | 2.799 |
Koordinaten |
50° 32’ 54.70’’ N 05° 19’ 03.03’’ O |
Telefonszon | 04 |
Postcode | 4600 |
Websäit | http://www.vise.be |
Geschicht
ännerenVisé war eng vun den 23 Bonnes villes vum Fürstentum Léck. Et gëtt nach dräi Waffegilden, deenen hir Urspréng op d'Mëttelalter zeréckginn: Les Anciens Arbalétriers (zanter 1310, Les Anciens Arquebusiers a Les Francs-Arquebusiers, (zanter 1579.
De 16. August 1914 hunn d'52. an d'75. Reserve-Infanterie vun der däitscher Arméi bei der Invasioun 23 Zivilisten erschoss a 600 Haiser futtigemaach.
1977 goufen dës Gemenge mat Visé zesummegeluecht: Argenteau, Cheratte, Lanaye, Lixhe a Richelle. Aus der fréierer Gemeng Bombaye koum d'Uertschaft Mons mat derbäi.
Visé am Sport
änneren2012 ass Visé eng Etappestad vum Tour de France mam Depart vun der Etapp Visé-Tournai.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Visé – Biller, Videoen oder Audiodateien |