[go: up one dir, main page]

Universitéit Yaoundé I

D'Universitéit Yaoundé I (fr.: Université de Yaoundé I; en.: University of Yaoundé I) ass eng ëffentlech Universitéit zu Yaoundé, der Haaptstad vum Kamerun. Hire Motto ass "Sapientia - collativa - cognitio". Si ass 1993 no enger Universitéitsreform entstanen, déi dem Land seng eelst Universitéit, d'Universitéit Yaoundé, an zwou separat Universitéite gedeelt huet: d'Universitéit Yaoundé I an d'Universitéit Yaoundé II.[1]

Universitéit Yaoundé I
()
Typ staatlech Universitéit
Land Kamerun
Gegrënnt 19. Januar 1993
Koordinaten 3°51'13"N, 11°29'51"O
Um Spaweck http://www.uy1.uninet.cm/

Si ass an dräi Fakultéiten ënnerdeelt:

  • d'Faculté des Arts, Lettres et Sciences Humaines, kuerz FALSH,
  • d'Faculté des Sciences, kuerz FS,
  • d'Faculté de Médecine et de Sciences Biomédicales, kuerz FMSB.

D'Institutioun ass iwwer e puer Campusse verdeelt woubäi den Haaptcampus dee vun Ngoa-Ekelle ass.[2]

Wéi all ëffentlech Institutiounen am Kamerun ass och d'Universitéit Yaoundé I zweesproocheg: d'Course gi souwuel op Englesch wéi och op Franséisch gehalen.

Um Spaweck

änneren
Commons: Universitéit Yaoundé I – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. minesup.gov.cm: Décret N° 93/026 du 19 janvier 1993 Portant création d'Universités (gekuckt de 5. August 2016
  2. facsciences.uninet.cm: Presentatioun vun der Universitéit (gekuckt de 5. August 2016)