[go: up one dir, main page]

Raf Vallone

italieenesche Schauspiller a Foussballspiller


De Raf Vallone, gebuer als Raffaele Vallone de 17. Februar 1916 zu Tropea a Kalabrien, a gestuerwen den 31. Oktober 2002 zu Roum, war en italieenesche Foussballspiller, Journalist, Film- an Theaterschauspiller an Theaterregisseur.

Raf Vallone
Gebuertsnumm Raffaele Vallone
Gebuer 17. Februar 1916
Tropea
Gestuerwen 31. Oktober 2002
Roum
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Foussballspiller, Journalist, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Partisan
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Novara F.C.,
FC Turin,
FC Turin
Famill
Bestuet mat Elena Varzi
Kanner Eleonora Vallone, Saverio Vallone

De Raf Vallone huet Droit a Philosophie op der Universitéit zu Turin studéiert. Hien huet duerno professionell Foussball beim FC Turin gespillt.

Hien huet, no engem éischte Film am Joer 1942, seng Filmcarrière am Joer 1949 mam Film Riso amaro vum Giuseppe De Santis richteg ugefaangen. Am Kino ass hien a villen italieeneschen awer och a villen internationale Filmer opgetrueden.

Bedeitend Filmer a senger Carrière sinn Thérèse Raquin (1953) vum Marcel Carné, Rose Bernd (1957) vum Wolfgang Staudte, La ciociara (1960) vum Vittorio De Sica, El Cid (1961) vum Anthony Mann an The Cardinal (1963) vum Otto Preminger.

Hie war vun 1952 bis zu sengem Doud am Joer 2002 mat der Schauspillerin Elena Varzi bestuet. Zwee vun hiren dräi Kanner d'Eleonora Vallone an de Saverio Vallone sinn och Schauspiller.

Filmographie

änneren

vun 1942 bis 1949

änneren

vun 1950 bis 1959

änneren

vun 1960 bis 1969

änneren

vun 1970 bis 1979

änneren

vun 1980 bis 1998

änneren

Um Spaweck

änneren