Paul Bretz
lëtzebuergeschen Architekt
De Paul Bretz, gebuer den 1. September 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen diploméierten Ingenieur-Architekt.[1]
Paul Bretz | |
---|---|
Gebuer |
1. September 1953 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ingenieur, Architekt |
Hien huet seng Studien 1979 op der technescher Fakultéit vun der Universitéit Innsbruck ofgeschloss. No engem Stage bei Hentrich-Petschnigg & Partner zu Düsseldorf huet hie sech zu Lëtzebuerg etabléiert. Do war hien 1983 Matgrënner vum Magazine Café-Crème.
2007 huet hie säin Architektebüro an d'Gesellschaft Paul Bretz Architectes ëmgewandelt.
Gebaier, déi hien entworf huet, sinn ë. a.:
- de Kulturzentrum Opderschmelz mam CNA, zu Diddeleng;
- d'Kogeneratiounszentral mam Gebai vu Luxenergie um Kierchbierg;
- d'Gebai vun Deloitte op der Cloche d'or;
- dat neit Gebai vun den Nationalarchiven op Belval (zanter 2022 am Bau).
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: "Paul Bretz", biographesch Fiche op paperjam.lu (gekuckt 17.03.2020).