Pécs
Pécs (IPA: [ˈpeːʧ]) ass eng Stad an Ungarn, no bei der Grenz mat Kroatien, um Fouss vun de Mecsek-Bierger. Si huet 157.000 Awunner (Stand 2009) an ass Chef-lieu vum Komitat Baranya. Pécs ass Sëtz vum Bistum Pécs a vun der Universitéit Pécs.
Geschicht
ännerenPécs ass eng vun den eelste Stied an Ungarn a war schonn a virgeschichtlecher Zäit besidelt. Zanter dem 3. Joerhonnert, ënner de Réimer, war Pécs als Sopianae eng wichteg Stad an der Provënz Pannonien. Méi spéit gouf et (lat.) Quinque Ecclesiae ("Fënnef Kierchen") genannt, wouvu sech de spéideren däitschen Numm Fünfkirchen ofleede léisst. Den haitegen Numm gouf eng éischt Kéier 1235 an enger Charta als Pechut (‘Pécser Wee’) ernimmt. 1290 gouf d'Stad Peech genannt. Et gëtt e puer Theorien, wat dat kéint heeschen, mä keng sécher Erklärung.
1367 huet de Kinnek Lajos de Groussen zu Pécs déi éischt ungaresch Universitéit gegrënnt.Vu 1543 bis 1686 huet Pécs zm Osmanesche Räich gehéiert. Aus där Zäit sinn eng ganz Rëtsch Gebaier erhalen.
Kuckeswäertes
änneren- d'Kathedral (11. Jh.), ëmgebaut am 19. Jh.
- de Bëschofspalais
- de Barbakán (Festungsturm)
- den Nationaltheater (Nemzeti Színház) (1895)
- d'Moschee Gazi Khassim, zu enger chrëschtlecher Kierch ëmgebaut
- de Zsolnay-Buer op der Széchenyi-tér, am Jugendstil, mat der typescher Eosin-Glasur
- d'Moschee vum Pascha Jakowali Hassan, mat hirem 23 Meter héije Minarett.
- d'Grafkapell vum Baba Idris
- D'Bad vum Pascha Memi (Törökfürdő; tierkescht Bad)
- Fréichrëschtleche Kierfecht aus spéitréimescher Zäit mat ausgemoolte Grafkummeren (Unesco-Weltierwen)
- asw.
-
d'Moschee vum Pascha Jakowali Hassan
-
Zsolnay-Buer
-
Strooss zu Pécs
-
Széchenyi-Plaz
-
den Zentrum vun uewen
-
Bannen an der Kathedral
-
Pius- oder Herz-Jesu-Kierch bei der Universitéit
-
Weltkulturierwen: Fréichrëschtleche Kierfecht
-
d'Kathedral
-
de Bëschofspalais
Soss
ännerenPécs ass 2010 (mat Essen) Europäesch Kulturhaaptstad.
Commons: Pécs – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Um Spaweck
änneren- d'Websäit vun der Stad Pécs op Däitsch
- Pécs – Kulturhaaptstad vun Europa 2010 (ongresch, englesch)